X

ZLS NEWS

Vun Dréischel bis Kréischel

De Band 3 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ ass do

Ierzen a Muerten, Rousemaräin an Teimerjännchen, Wakelter, Mais a Majiskraut: De Band 3 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ presentéiert 294 lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss. Dat ass natierlech just eng Selektioun, mee déi meescht Zorten, déi ee kann iessen an déi et hei am Gaart oder am Buttek gëtt, fënnt een an dësem drëtte Band vun der beléifter Serie. Vun Absinth bis Zwiwwel geet de Planzentour, op deem ee bekannten Nimm wéi Äerdbier, Gromper a Promm gradesou begéint wéi méi ale lëtzebuergesche Bezeechnungen à la Meekraitchen. Natierlech dierfen dʼBettseechesch- an dʼMauséiercherszalot net feelen an och méi exotesch Friichte wéi dʼMango an dʼMaracuja gehéieren an de Sproochen-Tuttifrutti.

DʼBegrëffer ginn alphabetesch opgelëscht – dës Kéier souguer a sechs Sproochen: Nieft dem lëtzebuergeschen Numm gëtt et och deen däitschen, dee franséischen, deen engleschen an dee portugiseschen an déi wëssenschaftlech, latiniséiert Bezeechnunge ginn och nach ernimmt.

Och eng Rëtsch flott Riedensaarten aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire sinn am Buch ze fannen a ginn doran erkläert: Den Apel fält net wäit vum Bam, wat e Kabes, dat ass dʼKiischt um Kuch, rout ewéi eng Tomat ...

D'Bicher aus der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ gëtt et net beim Zenter selwer, mee an de Librairien.

 

Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch a SCRIPT
Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 3
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2021
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie OSSA, 1. Oplo
ISBN 978-2-9199644-3-7
96 Säiten, 10 Euro

 

Natierlech sinn de Band 1 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch an der 3. Oplo (ISBN 978-2-9199644-1-3) an de Band 2 DʼPan klaken an dʼSchong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten (ISBN 978-2-9199644-2-0) och nach ëmmer ze kréien.