X

ZLS NEWS

Bicher vum ZLS op der Frankfurter Buchmesse

Nieft villen anere Publikatioune fannt Dir dëst Joer och déi vum ZLS um Lëtzebuerger Stand op der FBM

Vum 20. bis de 24. Oktober dréit sech zu Frankfurt nees alles ëm d'Buch. Op der gréisster Bicherfoire vun der Welt ass och Lëtzebuerg nees mat engem "nationale" Stand vu kultur¦lx derbäi an op deem fënnt een nieft villen aneren och Publikatioune vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Dorënner dat neit Verbebuch, d'Orthografie-Léierbicher vum Josy Braun an déi zwee éischt Bänn aus der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz.

Den Iwwerbléck iwwer sämtlech Bicher vum ZLS fannt Dir hei.

Hei drënner nach e puer nëtzlech Linken an eng Partie Fotoandréck vum Lëtzebuerger Stand op der #FBM vum Donneschdeg, 21. Oktober 2021.

 

Weider Infoen, de geneeë Programm an de Link op de Livestream gëtt et hei: Weider Infoen, de geneeë Programm an de Link op de Livestream gëtt et hei!
 

#kulturlx #booksfromluxembourg

#fbm2021 #frankfurterbuchmesse