X

ZLS NEWS

De #FlouernummFreideg vum ZLS am Iwwerbléck

De ganze Summer 2021 iwwer an de soziale Medien

Dës Kaarten si sougenannt Choropleth-Kaarten. Si weisen eng Verdeelung vun engem Numm pro Duerf.

Wat d'Faarf méi däischter ass, wat den Numm méi dacks virkënnt an eise Sammlungen an zwar pro Uertschaft, wou e benannt ass. Dat bedeit virun allem, datt den Numm méi heefeg genannt ginn ass an doduerch kulturell méi aktiv war; et muss net heeschen, datt et méi Plazen an engem Duerf goufen, déi dësen Numm haten/hunn.

Wann en Duerf géif feelen, heescht dat och just, datt mir en nach net an eiser Sammlung dran hunn. Wann Iech esou ee sollt opfalen, da kënnt Der eis e gäre mailen (op lod@lod.lu) mat enger Referenz op den Numm, der Uertschaft a wouhier Dir den Numm kennt. Merci am Viraus!

De FlouernummFreideg fannt Dir op Twitter, Facebook an Instagram an dono och hei op ZLS.lu.

Den Optakt huet den 30. Juli 2021 de Flouernumm KIEM gemaach. Duerno koumen: Happgaart, Rued asw. Hei den Iwwerbléck:


1. Kiem

Mir hu Kiem aus dem Latäin, mee ursprénglech kënnt den Numm awer aus dem Galleschen. E bezeechent Plazen, op deenen an der Antiquitéit grouss Verkéiersachse waren.

2. Happgaart

Happgaart verweist op eng Béierproduktioun. E kënnt ëmmer an der Géigend vun engem Klouschter vir a weist op mëttelalterleche Klouschterbéier.

3. Rued

Den Numm Rued fënnt een och ënner der Form Rad, Rod, Röder, Rieder a Riedchen. E verweist op Bëscher, déi am Mëttelalter ofgeholzt gi sinn, fir déi lokal Industrie ze ënnerstëtzen.

4. Wangert

Wangert ass eng méi al Form vum Wuert Wéngert a bezeechent en Enclos, an deem Wäin ugeplanzt ginn ass. Wann een d’Nimm op d’Kaart setzt, kann ee gesinn, datt d’Wäiproduktioun fréier méi wäit verbeet war.

5. Fluessgaart

Fluessgaart ass e Verweis op d’Produktioun vu Stoff an enger virindustrieller Zäit. Den Numm bezeechent speziell ofgegrenzte Felder, op deene Fluess ugeplanzt ginn ass.

6. Hoergaart

Hoergaart ass e Verweis op d’Produktioun vu Stoff an enger virindustrieller Zäit. Den Numm bezeechent Plazen, op deenen de Fluess gedréchent ginn ass, nodeems e geschnidde gouf.

7. Dell

Dell ass eng eeler Variant vum Wuert Dall. Et ass eent vun deenen heefegste Wierder an de Flouernimm a gëtt virun allem benotzt, fir méi grouss Däll ze bezeechnen.

8. Brill

Den Numm Brill kënnt aus dem Galleschen. En huet schonn am Mëttelalter déi besser Wisen, fir d’Véi ze halen, bei eis bezeechent.

9. Gruecht

Gruecht ass en aalt Wuert fir een Dall. Et huet virun allem éischter kleng Däll bezeechent.

10. Dréisch

Dréisch weist op eng mëttelalterlech Dräifelderwirtschaft hin. Den Numm bezeechent speziell ee Feld, dat no der leschter Saison broochleie gelooss ginn ass.