X

ZLS NEWS

Interesséiert u Lëtzebuerger Lidder?

Zwou Sammlunge vum Jean Kandel

"Et sinn der, déi mengen, eis Sprooch sténg op wackelege Féiss an eis schéin al Bräich géife lues a lues verschwannen, duerfir wier et wichteg, eppes dogéint ze ënnerhuelen!" Dat schreift eis de Jean Kandel an hänkt direkt hannendrun: "Eng wichteg Hëllef, fir eis Sprooch ze retten, sinn eis Lëtzebuerger Lidder." Zwar wier nach laang net all Mënsch e Sänger, mee vill géife gäre sangen an nach méi géifen déi Lidder gären héieren.

"Nom Motto 'Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen!' hunn ech säit laange Joren en Archiv vun +/- 4.000 Wierker (Wierder an Nouten) opgebaut, do fënnt ee wierklech vun allem: iwwer eist Land mat senge Géigenden an Dierfer, iwwer seng Geschicht a Kultur, Beruffer, Fester a Bräich, iwwer bedeitend Leit an hiert Wierken a villes méi", esou de Jean Kandel. "Duerch déi grouss Nofro mierken ech, datt déi Lidder nach ëmmer gefrot sinn a sief et nëmmen aus Nostalgie." Seng Offer: "Wann Dir e Lidd sicht, kann ech gäre mat deem Archiv hëllefen."

D'Lidder, esou de Jean Kandel weider, wieren och ideal, fir a Sproochcoursen agesat ze ginn:

"Eis Lidder liwweren nom Sangen e Gespréichsstoff, wou jidderee matschwätze kann an deemno ongezwongen an op eng lëschteg Aart a Weis an d’Sprooch mat agebonne gëtt. Och an de Schoulen, wou ëmmer méi friemsproocheg Kanner untrieden, wier dat eng flott Hëllef, well Kannerlidder gëtt et och e sëllegen an dat fir all Alter. Esou léieren eis Kanner a Kandskanner eis Bräich vu fréier a kënnen da mat der Bomi an dem Bopi schwätzen."

Nei Bicher mat ale Lidder: Band 1 a Band 2

100 där scho bal vergiesse Lidder, déi och nach a kenge Bicher ze fanne waren, huet de Jean Kandel an zwee Bänn zesummegefaasst, "fir dee Kulturschaz ze retten".

Et wiere Lidder mat éischter witzegem Charakter, esou de passionéierte Sammeler, Lidder, déi haut kaum nach ee kennt, mee déi an der Zäit dagdeeglech a bei all Geleeënheet an Ausfluch mat vill Freed a Begeeschterung gesonge goufen ... awer nach a kengem Buch waren.

"Dës Bicher sollen déi Lidder nees opliewe loossen", esou de Jean Kandel. "Ech mierken et un der Nofro, déi Lidder sinn ëmmer méi gesicht. Zum Beispill d'Operett Sonili vun 1939, vun där keng Spuer méi ze fannen ass. Dogéint ginn awer Wierker, déi scho bal verluer waren, nees nei entdeckt an opliewe gelooss, wéi d'Kopleschter Lidd, Eist Eislek oder De Minettsdapp, ma och e puer jéinesch Lidder an e Lidd, dat zwar méi jonk ass, iwwer de Lift am Pafendall.

Wie sech fir d'Publikatioune mat de Lidder interesséiert oder op der Sich no engem Lidd ass, dee ka sech melle beim:

Jean KANDEL
7, rue Luitgardis, L-8244 MAMER
Tel. (+352) 621 665 212, E-Mail: jeankandel@pt.lu

All Band kascht 20 Euro, 22 Euro mam Porto
Kont: BGLL LU11 0030 0986 1601 0000
Wichteg: Bei Bestellungen Numm an Adress uginn

 

D'Covere vun de Bicher mat hirem Inhalt