X

ZLS NEWS

D'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: en neit Fach op der 4e

Am neien EDI, dem Infomagazin fir Elteren, gëtt et Detailer

D’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze promovéieren, dat ass eng vun den zentrale Mesurë vun der Strategie, déi d’Regierung 2017 ugeholl huet, fir Lëtzebuergesch als Sprooch vun der Kommunikatioun an der Integratioun an och als literaresch Sprooch ze etabléieren.

– Lëtzebuergesch gëtt also e feste Bestanddeel vum Programm vun de 4e-Klassen am Enseignement secondaire classique a général, mat enger Schoulstonn d’Woch. Ronn 250 Klasse respektiv iwwer 4.300 Schüler kommen an de Genoss vun deem neie Cours.

Dat neit Fach gëtt vun deenen Enseignanten, déi elo scho Lëtzebuergesch am Lycée ginn, enseignéiert an ersetzt de Lëtzebuergesch-Cours op der 7e classique. Am Secondaire général baséiert d’Fach um gemeinsamen Däitsch/Lëtzebuergesch-Cours, dee vu 7e bis 5e enseignéiert gëtt.

D’Zil vum neie Lëtzebuergesch-Cours ass et, deene Jonken d’Freed un der Sprooch méi no ze bréngen an hinne generell Kenntnisser iwwer Lëtzebuerg mat op de Wee ze ginn, onofhängeg vun hirem kulturellen oder sproochlechen Hannergrond.

 

 

De Cours behandelt dräi grouss Theemebléck:

1. Allgemengt Wëssen iwwer d'Land an d'Gesellschaft

2. D'Lëtzebuerger Sprooch, mat de Basisreegele vun der Orthografie

3. Déi lëtzebuergesch Kultur

Weider Detailer iwwer den Inhalt vum Cours gëtt et op der Säit 16 vum neien EDI, dem Infomagazin fir Elteren, deen de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend erausgëtt.

– An de méi héije Klassen, also vun 3e bis 1e, gëtt Lëtzebuergesch als Optiounscours ugebueden. D’Lycéeë kënnen d’Ausriichtung vun deem Cours selwer bestëmmen: geschriwwe Sprooch, Literatur asw.

– Fir d’Rentrée 2021/2022 gëtt ausserdeem e Pilotprojet am Lycée Michel Rodange lancéiert: Op der A-Sektioun vum Secondaire classique gëtt Lëtzebuergesch als Quatrième langue vivante proposéiert. D’Schüler hunn do d’Méiglechkeet, hir Kenntnisser an der Linguistik an an der Literatur ze verdéiwen, dëst zum Beispill fir e spéidere Studium vum Lëtzebuergeschen.

– An der Beruffsausbildung kréien d’Schüler Lëtzebuergesch-Modüllen ugebueden, an deenen de Schwéierpunkt um mëndlechen Ausdrock läit, dat natierlech an der gewielter berufflecher Spezialisatioun.

Um Wupp vum Artikel vum EDI gëtt drop higewisen, datt gutt Lëtzebuergesch-Kenntnisser e wichtegen Atout um Aarbechtsmarché duerstellen an de Schüler vill berufflech Dieren opmaachen.

Hei kënnt Dir de ganzen EDI als PDF eroflueden.

 

 

An der Rubrik E Crush op d'Lëtzebuergescht op der zweetleschter Säit vum EDI gëtt iwweregens och nach op nei an op al lëtzebuergesch Wierder higewisen. (Informatiounen iwwer d'Bicher vum ZLS gëtt et hei.)