X

ZLS NEWS

D'Newsletter vum ZLS: Abonéiert Iech hei!

Mellt Iech un a bleift um Lafenden

D'Lëtzebuerger Sprooch ass eng dynamesch Sprooch! Dat mierkt een och dorunner, datt et ëmmer nees eppes Neies doriwwer ze soe gëtt: nei Publikatiounen, theematesch Webinairen, Promotiounsaktioune wéi d'Wuert vum Joer oder Postkaarte mat Spréch, neit didaktescht Material oder Nouveautéiten am Lëtzebuerger Online Dictionnaire, deen an engem Stéck ausgebaut gëtt.

Wann eng Partie esou Informatiounen zesummekomm sinn, dann informéiere mir Iech. Natierlech just, wann Dir dat wëllt an Iech virdrun op eis Newsletter abonéiert hutt. Hei kënnt Dir dat maachen, natierlech gratis.

 

Déi éischt Newsletter vum 24. November 2020:
Lëtzebuerger Wuertschatz | Webinaire iwwer al Wierder a Flouernimm | LOD-Neiegkeeten

Déi zweet Newsletter vum 16. Dezember 2020:
Pressekonferenz am Replay | Nei Publikatioune vum ZLS | Nei Funktionalitéiten am LOD | Wuert vum Joer 2020

Déi drëtt Newsletter vum 19. Mäerz 2021:
Gratis Postkaarten | Mindmaps | Neies am LOD | Webinaire am Replay | Nëtzlech Adressen

Déi véiert Newsletter vum 2. Juli 2021:
Wuertschatz.lu | Buch mat Riedensaarten | Gewënnspill | Neies am LOD

Déi fënneft Newsletter vum 18. November 2021:
Lëtzebuerger Wuertschatz Band 3 | Video-Tutorials fir d'Orthografie | Walfer Bicherdeeg

Déi sechst Newsletter vum 6. Dezember 2021:

Den LOD als PDF | D'Wuert vum Joer | Video-Tutorials | Lëtzebuerger Wuertschatz

Theme picker