X

ZLS NEWS

Eis "Dezemberspréch" op ee Bléck

Loosst Iech 31 Mol sproochlech iwwerraschen

Sidd Dir prett fir d’Dezemberspréch ... am Replay? 🤓 Vum 1. bis den 📆. Dezember 2020 hu mir all Dag e flotten Ausdrock aus der Lëtzebuerger Sprooch an de soziale Medie proposéiert! 😊 Hei si se:

 

 

1. Dat do deet de Bock schnadderen
Dëse Sproch bedeit esou vill ewéi „dat do ass e Genoss!“ – hätt Dir et gewosst? 🤔 Hei fannt Dir de passenden Artikel am #LOD ➡ https://lod.lu/?BOCK1 🐏

 

2. Hien hat sech d’Auer bal gebrach
Mir hoffen, dass Är Auer 🕰 nach intakt ass – eise Sproch vun haut bedeit nämlech „hien ass guer net eens ginn“. 🤷‍♂️❓🙃 Hei geet et bei den entspriechenden Artikel am #LOD ➡ https://www.lod.lu/?AUER1

 

3. Si kuckt mam rietsen A an déi lénks Täsch
Benotzt dir dëse Sproch och heiansdo, fir vun enger Persoun ze schwätzen, déi baluckt? 👀😅 Mam Wuert „A“ 👁 ginn et iwweregens eng ganz Partie Ausdréck am #LOD. Gitt emol hei luussen 🔎 ➡ https://www.lod.lu/?A1 🤓

 

4. Kucks de an déi aner Woch?
Wann een een anere freet „Kucks de an déi aner Woch?“ 👀🗓 dann heescht dat esou vill ewéi „Bass de a Gedanken?“. 👩💭 Hutt Dir eise Sproch vun haut scho kannt oder gëtt deen elo vläicht nei an Ärem Sproochgebrauch opgeholl? 🤓 De passenden Artikel am #LOD fannt Dir hei ➡ https://www.lod.lu/?WOCH1

 

5. Wann et dem Iesel ze wuel ass, da geet en op d’Äis danzen
Eis gefält d’Bild vun engem Iesel, deen um Äis danzt ❄🕺, jo ganz gutt. 😄 De Sproch huet awer weeder mat deem engen nach mat deem aneren eppes ze dinn a bedeit „wann et engem gutt geet, da gëtt ee muttwëlleg“. 🤓 Hei fannt Dir de passenden Artikel am #LOD ➡ https://www.lod.lu/?IESEL1

 

6. D’Häerz huet mer gegluckst, wéi ech d’Kaddoe gesinn hunn
Fir Kleeserchersdag 🎅 hu mir natierlech extra e passenden Ausdrock erausgesicht. 😊 Mir sinn eis sécher, datt ganz ville Kanner d’Häerz gegluckst huet a se vun hire Kaddoe begeeschtert waren! 🎁🤩 Bei den ❤-Artikel am #LOD geet et hei ➡ https://lod.lu/?HAERZ1

 

7. Deem kanns de d’Haut iwwert de Kapp zéien!
Net ganz esou agreabel – fir net ze soen: e bësse brutal 😯 😟 – kléngt dëse Sproch, fir auszedrécken, datt ee sech alles gefale léisst. Hätt Dir dat gewosst? 🤔 Am Artikel am #LOD fannt Dir och nach eng Rei aner Ausdréck am Zesummenhang mat „Haut“ 🤓 ➡ https://www.lod.lu/?HAUT2

 

8. Bis soss e reenegen Dag!
Den Ausdrock vun haut ass eng passend Manéier, engem bei dësem driibsegen Dezemberwieder 🌧 ☂ 🌫  Äddi ze soen a bedeit einfach „bis soss eng Kéier!“. 🙋👋 De kompletten Artikel am #LOD fannt Dir hei 🔎 ➡ https://www.lod.lu/?DAG1

 

9. No der Versammlung hu mir d'Blat gebotzt
Den Ament si Versammlungen zwar éischter virtuell, mee de Sproch bedeit esou vill ewéi „no der Versammlung si mir séier gaangen“. 👋 Botzt Dir och heiansdo emol d’Blat? 🍃🧹✨ Bei de passenden Artikel am #LOD kommt Dir wéi ëmmer hei ➡ https://www.lod.lu/?BOTZEN1


10. Dat ass eng aner Gei!
Am Verglach zu „dat ass ënner aller Klarinett“ 👎 huet den Ausdrock hei eng méi positiv Bedeitung: „Dat kléngt scho besser!“ 🎻🎶👍 Hei kënnt Dir den Artikel fir „Gei“ am #LOD noliesen ➡ https://www.lod.lu/?GEI2

 

11. Du gëss nach gewuer, wat d’Pond Kiischte kascht!
Dësen Ausdrock 🍒💶 kann ee benotzen, fir ze soen, datt nach méi vun engem verlaangt gëtt oder nach méi Käschten op een duerkommen, wéi een et sech virstellt. 🤓 Den entspriechenden Artikel am #LOD fannt Dir hei 🔎 ➡ https://www.lod.lu/?KIISCHT1

 

12. D’gebroden Dauwe fléien engem net an de Mond
Nodeems mer bei eise Spréch schonn de Bock an den Iesel haten, sinn haut d’Dauwen un der Rei. 🕊👄😅 Den Ausdrock bedeit esou vill ewéi „wann een sech net beméit, da kann een och näischt erwaarden“. Hei geet et bei de passenden Artikel am #LOD ➡ https://www.lod.lu/?DAUF1

 

 

13. Hien huet kee Kand a kee Kënn
Dee Sproch huet näischt mam Gesiichtsdeel ze dinn, mee mat „Kënn“ am Sënn vu „Verwandtschaft“ a bedeit „hie brauch keng Verantwortung ze iwwerhuelen“ – hätt Dir et gewosst? 🤔😊 D’Wuert „Kand“ 🧒 steet natierlech och am #LOD 🔎 ➡ https://www.lod.lu/?KAND1

 

14. Du kriss een zu Nouspelt gebak
Zu Nouspelt ginn anscheinend net nëmme Péckvillercher 🐦🎶 gebak ... 😁 Hutt Dir de Sproch vun haut schonn eng Kéier benotzt, fir enger Persoun ze soen, dass et dee Mann oder déi Fra, deen/déi se sicht, net gëtt? 🤷‍♂️🙃 Den Artikel fir d’Verb „baken“ kënnt Dir hei am #LOD noliesen ➡ https://www.lod.lu/?BAKEN1

 

15. Ech hu Ree gelueden
Alt nees hu mer e Sproch um Programm, deen zimmlech gutt bei d’Wieder ☔ passt a bedeit „ech si granzeg“. 😠😅 Bei den 🌧 -Artikel am #LOD geet et hei ➡ https://www.lod.lu/?REEN1 🤓

 

16. Deen Hutt geet der ewéi der Kou de Suedel
De Sproch „deen Hutt geet der ewéi der Kou de Suedel“ 🤠🐄  ass net onbedéngt dofir geduecht, fir enger Persoun e Kompliment ze maachen, mee bedeit „deen Hutt geet dir guer net“. 👒👎😬 Den Ausdrock fannt Dir och beim passenden Artikel am #LOD ➡ https://www.lod.lu/?KOU1

 

17. Beim Buffet kritt een, Häerz, wat begiers de!
Mir fannen, datt „Häerz, wat begiers de“ 😍 jo e bëssen eppes Poetesches huet – wat mengt Dir? 😊 Mam Ausdrock kann een op alle Fall soen, dass ee beim Buffet alles kritt, wat een sech ka wënschen. 🍽😋 Eng Partie aner Ausdréck mat ❤️ kënnt Dir hei am #LOD noliesen ➡ https://www.lod.lu/?HAERZ1

 

18. Mengs de, ech géif hei wunne bleiwen?
Mat „Mengs de, ech géif hei wunne bleiwen?“ 🤨❓ hu mir eng rhetoresch Fro erausgesicht, mat där een enger Persoun kann ze verstoe ginn, dass een net wëll waarde gelooss ginn. ⏳😶 Hei geet et bei den entspriechenden Artikel am #LOD➡ https://www.lod.lu/?WUNNEN1 🤓

 

19. Ech kréien de Réck wéi vum Kachkéis
Dëse Sproch ass natierlech net wuertwiertlech gemengt, mee bedeit „ech hunn de Kachkéis net gär“. 🧀😫 Gëtt et och Saachen, vun deenen Dir de Réck wéi kritt? 🤔😅 Am #LOD ginn et nach eng Rei aner Ausdréck mat „Réck“ 🔎 ➡ https://www.lod.lu/?RECK1

 

20. Äert Klengt ass en aartlecht Déier
De Verglach mat engem Déier kléngt vläicht e bësse bosseg 🙃, mee de Sproch ass un sech awer léif gemengt a bedeit esou vill ewéi „äert Klengt ass e léift, lëschtegt Meedchen“. ☺️👧 De passenden Artikel am #LOD fannt Dir wéi ëmmer hei ➡ https://www.lod.lu/?DEIER1  

 

21. Looss dech begruewen!
Deen Ausdrock ass zwar net wierklech e Kompliment, en ass awer méi harmlos, wéi e kléngt 😌, a bedeit „dat, wat s de sees/méchs, daacht näischt“. 👎🤷 Hei fannt Dir den entspriechenden Artikel am #LOD 🔎 ➡ https://www.lod.lu/?BEGRUEWEN1

 

22. Eisen Eelsten ass aus dem Kascht
„Eisen Eelsten ass aus dem Kascht” 😋🍽 heescht esou vill ewéi „eisen Eelste wunnt net méi doheem“. 🏠❌ Hutt Dir deen Ausdrock scho virdru kannt? 🤔 Nach aner Spréch mat „Kascht“ kënnt Dir hei am #LOD noliesen ➡ https://www.lod.lu/?KASCHT1

 

23. Mir feelen e puer Meter Film
Ups, feelen Iech och heiansdo e puer Meter Film? 🎞😬 De Sproch vun haut kann een op alle Fall benotzen, fir ze soen, dass ee sech net méi un e bestëmmt Evenement kann erënneren. 🤔💭🤷‍♀️ Bei de passenden Artikel am #LOD geet et hei ➡ https://www.lod.lu/?FILM1 🤓

 

24. Mir kruten d'Panz geschwenkt
Dësen Ausdrock bedeit „mir goufen zierfräi gehalen“ 🍽🍲🥂 a passt iergendwéi och ganz gutt bei d’Feierdeeg 🙃 – och wann dëst Joer alles méi roueg an am klenge Krees ofleeft. 😊 Bei de „Panz“-Artikel am #LOD geet et hei ➡ https://www.lod.lu/?PANZ1

 

25. Si war gerëscht ewéi e Chrëschtbeemchen
Wéi ee Sproch hätt fir d'Feierdeeg scho besser gepasst ewéi „si war gerëscht ewéi e Chrëschtbeemchen“? 🎄✨ Hutt Dir an Ärer Famill och Persounen, déi gäre vill Bijouen 💍💎 unhunn? 😄 De Chrëschtbeemchen huet natierlech och en eegenen Artikel am #LOD ➡ https://lod.lu/?CHRESCHTBEEMCHEN1

 

26. Déi Portioun war grad fir den huelen Zant
„Déi Portioun war grad fir den huelen Zant“ 🥣🦷 ass en Ausdrock, deen ee bei deem villen Iessen ëm dës Zäit warscheinlech – oder hoffentlech – manner dacks benotzt. Et géif nämlech heeschen, datt d’Portioun lächerlech kleng gewiescht wier. 🍽😟 Dësen an aner Spréch mat 🦷 gëtt et hei am #LOD ➡ https://www.lod.lu/?ZANT1

 

27. Déi gesträift Krawatt flucht bei deem getëppelten Hiem
Wéi war dat mat „les goûts et les couleurs ...“? 🤔😁 Wann déi gesträift Krawatt bei deem getëppelten Hiem 👔 flucht, da bedeit dat, datt dat eent guer net bei dat anert passt. 😫👎 Den entspriechenden Artikel am #LOD fannt Dir wéi ëmmer hei 🔎➡ https://www.lod.lu/?FLUCHEN1

 

28. Hien huet wënsch dragekuckt
Wann ee „wënsch drakuckt“, dann heescht dat, datt ee schlecht gelaunt ass. 😑😐 Hätt Dir dat gewosst oder hutt Dir mat „wënsch“ elo en neit Wuert bäigeléiert? 🤓 Bei den Artikel am #LOD geet et op alle Fall hei 🔎➡ https://lod.lu/?WENSCH1

 

29. Dës Aarbecht ass net vu Kaffi a Kuch!
Mat eisem Sproch vu ☕ a 🍰 (❌) kann een zum Ausdrock bréngen, datt eng Aarbecht schwéier ass. 😓 Benotzt Dir dee Sproch vläicht selwer heiansdo? 🤔 Wéi ëmmer kënnt Dir de passenden Artikel am #LOD hei noliesen ➡ https://lod.lu/?KUCH1

 

30. Bleif bei der Heck, mir iesse gläich!
Mir fanne „bleif bei der Heck” nawell ee ganz flotten a witzegen Ausdrock, fir engem ze soe „géi net wäit fort“ – wat mengt Dir? 😄 Am #LOD fannt Dir nach 2-3 aner Spréch mat „Heck” 🔎 ➡ https://lod.lu/?HECK1 🤓

 

31. fir déi Geleeënheet kommen ech am houbeschte Schnëppel
De leschte Sproch gefält eis besonnesch gutt! 😁 E bedeit „fir déi Geleeënheet doen ech mech ganz schick un“ 🤵✨ a rënnt eis Aktioun domat fir Silvester 🎆 natierlech och perfekt of. 🥳 Hei geet et bei de passenden Artikel am #LOD ➡ https://lod.lu/?SCHNEPPEL2

 

Mir hoffen, eis #Dezemberspréch hunn Iech gefall, a mir wënsche jidderengem alles Guddes fir 2021 – bleift besond! 🥂😊

 

➡ Klickt op eng Foto aus der Galerie, fir dat komplett Bild ze gesinn!