X

ZLS NEWS

D'Wuert vum Joer 2020

Den 28. Dezember gëtt et matgedeelt.

Bis de 15. Dezember 2020 konnt Dir Är Proposen eraschécken: 497 Maile sinn am Zenter ukomm mat alles an allem méi wéi 500 Proposen.

Aus dëser Longlist mécht d'Ekipp vum ZLS elo eng Shortlist vu maximal 15 Begrëffer an dann decidéiert e Jury iwwer d'Top Ten an natierlech och iwwer d'Wuert vum Joer 2020.

Den 28. Dezember gëtt d'Entscheedung vum Jury ëffentlech gemaach.

Am Jury sinn de Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, e Vertrieder vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a jeeweils ee Vertrieder vun RTL a vum Radio 100,7.

Aus all deenen, déi e Virschlag eragemailt hunn, ginn nach zwee Nimm gezunn an déi gewannen dann e Bong fir lëtzebuergesch Produiten am Wäert vun 100 Euro vun "100 % Lëtzebuerg" zu Gréiwemaacher an d'Buch "Aläert, jauwen, Zockerboun" vum ZLS. D'Lous entscheet.

Mir soen hei awer schonn all deene Merci, déi esou aktiv proposéiert hunn!