X

ZLS NEWS

Weider ze kréien: „Grammaire de la langue luxembourgeoise“

Déi bekannte „blo“ Grammaire gouf vum ZLS iwwerschafft an aktualiséiert a bleift deemno disponibel

DʼWierk vun den Auteure Josy Braun, Marianne Johanns-Schlechter, Josée Kauffmann-Frantz, Henri Losch, Geneviève Magnette-Barthel zesumme mam Jackie Messerich vum Projet Moien war vergraff a gouf dofir vun der Dr. Caroline Döhmer an der Dr. Judith Manzoni-Luxenburger fir den ZLS un déi aktuell Orthografie ugepasst.

D’Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch ass also weider ze kréien, parallel dozou huet den ZLS ugefaangen, un enger eegener, ganz neier Grammaire ze schaffen.

Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch a SCRIPT:
Grammaire de la langue Luxembourgeoise / Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch
ISBN 978-99959-1-206-2, 144 Säiten, 12 Euro