X

ZLS NEWS

Op Lëtzebuergesch, op Franséisch an op Englesch

"Eis Sprooch richteg schreiwen" vum Josy Braun gëtt et elo an dräi Sproochen

Déi franséisch Versioun vun „Eis Sprooch richteg schreiwen“ soll de francophonnen Interesséierten en agreabelen Zougang zu der Lëtzebuerger Rechtschreiwung bidden. Dat verdäitlecht och den Ënnertitel vum Buch: Une introduction à lʼorthographe luxembourgeoise. Ëm den Update huet sech den Helmuth Sperl gekëmmert, dʼIwwersetzung gouf vum Angela Tumiotto a vum Christine Schmit fir den ZLS realiséiert.

Josy Braun: Eis Sprooch richteg schreiwen – version française
Une introduction à lʼorthographe luxembourgeoise
ISBN 978-99959-1-208-6, 136 Säiten, 15 Euro

 

Fir och deenen, déi eng Affinitéit zu der englescher Sprooch hunn, e méiglechst liichten Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie ze ginn, gouf dem Josy Braun seng Orthografie-Didaktik och op Englesch iwwersat. Ëm dës Introduction to Luxembourgish Spelling hu sech dʼSarah Hess an den John Phillips fir den ZLS gekëmmert.

Josy Braun: Eis Sprooch richteg schreiwen – English Version
An Introduction to Luxembourgish Spelling
978-99959-1-207-9, 128 Säiten, 15 Euro

 

 

De Klassiker vum Josy Braun ass also elo an dräi Sproochen disponibel: op Lëtzebuergesch, op Franséisch an op Englesch.

Ze kréien an de Librairien an op letzshop.lu