X

ZLS NEWS

D'Gewënner vun der RTL-Dictée, Versioun "Corona"

Um Sonndeg de Moie war et nees esou wäit, déi Kéier awer just online

Se war anescht, mee se war awer, wéi den "Diktator" Jemp Schuster esou richteg gesot huet. Rieds geet natierlech vun der RTL-Dictée, déi e Sonndeg, 22. November um 10:15 Auer ugefaangen huet. Natierlech ënner komplett anere Virzeeche wéi déi Jore virdrun, ouni déi traditionell "Walfer Bicherdeeg" zum Beispill, mee RTL an d'Walfer Gemeng wollten d'Dictée awer net ganz ausfale loossen an den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), dee genee virun engem Joer eng aktualiséiert a completéiert Lëtzebuerger Orthografie virgestallt hat, war frou, sech kënnen ze associéieren.

Diktéiert gouf, wéi ëmmer, vum Jemp Schuster, iwwerdroe gouf vu Media4All op RTL.lu – just eng Dictée, eng lëtzebuergesch.

Wie se wëllt noliesen, hei op RTL.lu ass se ze fannen. Se hat et, dat kann een esou soen, a sech!

Dofir war d'Verbesseren déi Kéier och extra komplizéiert an nieft dem Esou-mann-Feeler-wéi-méiglech-Schreiwen huet och nach d'Zäit eng Roll gespillt. Just déi 20 éischt Dictéeën, déi eragemailt goufen, goufe verbessert. Natierlech koumen der, déi propper getippt waren, et koumen awer och Fotoe vun handgeschriwwenen Texter. An et koumen natierlech vill méi ewéi just 20 Diktater bei RTL un ... an um Enn goufen et dann och e puer méi Präisser wéi geduecht. (Natierlech gouf esou tolerant, awer och esou fair ewéi méiglech – an esou streng wéi néideg – korrigéiert.)

Hei de Ranking vun den 20 séiersten Dictéeën an hannendrun de Präis:

1) Véronique Maas, 3 Feeler - Bong Restaurant Pidal vun der Walfer Gemeng
2) Chantal Boly, 4 Feeler - Bong Restaurant Pidal vun der Walfer Gemeng
2) Steffi Hulsbosch, 4 Feeler - Bong Restaurant Pidal vun der Walfer Gemeng
2) Maryse Muller, 4 Feeler - Bong Restaurant Pidal vun der Walfer Gemeng
5) Kim Krecké, 7 Feeler - Bong Corbeille Lëtzebuerger Produite vun 100%Lëtzebuerg vum ZLS
6) Mandy Decker, 8 Feeler - Bong Corbeille Lëtzebuerger Produite vun 100%Lëtzebuerg vum ZLS
6) Nathalie Mailliet, 8 Feeler - Bong Corbeille Lëtzebuerger Produite vun 100%Lëtzebuerg vum ZLS

FELICITATIOUN!!!

Mir soen all deenen, déi derbäi waren, ob se matgeschriwwen oder just nogelauschtert/nogekuckt hunn, en häerzleche MERCI!

Zu Walfer selwer hunn aus Covid-19-Grënn just 5 Kandidaten hire Bic iwwer d’Blat gejot. Jiddereen am Sall souz op 2 Meter Distanz an et gouf och vill gelëft. Zu den Aktiven, déi hors concours matgeschriwwen hunn an direkt hir Aschätzung op der Plaz konnte ginn, waren d'Danny Leyder, d'Gewënnerin vum leschte Joer, d'Lis Stirn, och e ganz gudde Score zejoert, d'Auteure Jean Back a Joseph Kayser an d'Déierendoktesch Romy Roth.

D'Bongen hunn iwweregens e Wäert vun 100 Euro, derbäi gëtt et nach dat fonkelneit Buch vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch: "Aläert, jauwen, Zockerboun - 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch"!

 

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch:
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro