X

ZLS NEWS

Dëse Sonndeg: Lëtzebuergesch Dictée live op RTL.lu

Och wann d'Walfer Bicherdeeg déi Kéier mussen ausfalen, d'RTL-Dictée ass awer.

Dëse Sonndeg ass et nees esou wäit: De Jemp Schuster diktéiert live aus dem Centre Prince Henri zu Walfer e lëtzebuergescht Diktat, an Dir kënnt doheem matschreiwen an Iech selwer testen.

Déi Leit, déi wëllen, kënnen esou séier wéi méiglech hir Dictée op dictee@rtl.lu schécken. Déi éischt, déi ukommen, gi verbessert an déi dräi bescht dovu kréien och e Präis: eng Corbeille am Wäert vun 100 Euro mat lëtzebuergesche Produiten an dat nei Buch vum ZLS "Aläert, jauwen, Zockerboun - 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch"!

 

 

Natierlech gëtt den Text duerno op RTL.lu publizéiert, fir dass Dir kënnt kucken, wéi vill Feeler Dir geschriwwen hutt.

D'RTL-Dictée, zesumme mat der Walfer Gemeng a mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dëse Sonndeg um 10:15 Auer op RTL.lu.

Hei geet et bei de LIVESTREAM!

 

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch:
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro