X

ZLS NEWS

Wéinst Corona ass den ZLS aktuell just per E-Mail ze erreechen

Wann Dir eng Fro fir eis hutt, da schéckt se wgl. op lod@lod.lu

Am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch hu mir e confirméierte Covid-19-Fall, dofir sinn d'Mataarbechter aktuell am Homeoffice. Dat ass eng Virsiichtsmoossnam, well d'Geste-barrièren am Zenter zu all Ament agehale goufen. Mir wëllen awer op Nummer sécher goen.

Gläichzäiteg wëlle mir weider fir Iech do sinn! Dofir, wann Dir eng Fro fir eis hutt, da kontaktéiert eis wgl. per E-Mail. Einfach op lod@lod.lu mailen.

Vum 9. oder 10. November un dierften eis Büroen zu Stroossen an domat och eis Telefonszentral nees normal besat sinn.

Merci fir Äert Versteesdemech. Bleift gesond a monter!