X

ZLS NEWS

Nei am LOD: Videoe mat Gebäerdesprooch

Eng gemeinsam Initiativ vun der Hörgeschädigten-Beratung SmH an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Wie reegelméisseg op lod.lu surft, deem dierft eng kleng Neierung opgefall sinn: An der lénker Spalt den Hiweis Gebäerdesprooch mat zwou Hänn am Profil. Se sollen op d'Geste vun de Gebäerden hiweisen an an den LOD-Artikele weise se vun elo un, datt een de Lemma oder eenzel Sënner vum Lemma och elo an der Gebäerdesprooch fënnt, als Video, dee sech opklappt, esoubal een op d'Hänn klickt. Natierlech kann een och op d'Wierder an der Läischt op der LOD-Homepage klicken, an deem Fall sinn d'Gebäerdesprooch-Videoen direkt visibel.

Fir den internationalen Dag vun der Gebäerdesprooch goung en éischte Saz vu Videoen online, eng 300 Stéck. Weiderer sinn an der Maach, méi dozou an den nächste Méint.

D'Hörgeschädigten-Beratung SmH (dat steet fir Solidarität mit Hörgeschädigten) vu Steesel an den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (Editeur vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire) hunn zesummen d'Initiativ fir dëse Schrëtt a Richtung Inklusioun geholl. Gedréit gouf an de Raim vun der Hörgeschädigten-Beratung, Media4All huet d'Clippe realiséiert. D'Gebäerd gëtt ëmmer fir d'éischt vu vir an an normaler Vitess gewisen, duerno eemol am Ralenti vu vir an och vun der Säit an zum Schluss nach eemol d'Gebäerd vu vir an normaler Vitess.

E Reportage iwwer den Tournage gouf e Mëttwoch, den 23. September 2020 am Magazin vun RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert. Hei fannt Dir en am Replay.

Bis elo si Videoen an dësen Artikelen ze fannen, et sinn der awer - wéi geschriwwen - nach an der Maach. Mir freeën eis op Äre Feedback (E-Mail: lod@lod.lu):

A

Aarbecht

agebilt

änneren

Auer

Auto

awer

baken

Bauch

bauen

Béchs

Bei

béis

Beispill

Beruff

Bësch

Bescheed

besichen

bestellen

bezuelen

Bierg

bleiwen

brauchen

Bréif

Bréitchen

Brëll

bréngen

Buch

Cours

däerfen

dann

Déier

deier

denken

dënn

drénken

Duerf

Ee

éierlech

eleng

elo

ëmmer

entschëllegen

erëm

erënneren

erklären

erwächen

erzielen

Faarf

falen

Famill

Fanger

fannen

Feierdag

feieren

Fest

fillen

fleegen

Floss

Fouss

Freed

freeën

fréier

Frënd

fueren

gär

Gebuertsdag

gefalen

Geméis

gëschter

geschwënn

Gesiicht

gesinn

ginn

Glas

goen

gutt

halen

Hals

haut

Haut

Heft

hëllefen

hiewen

Hochzäit

huelen

hunn

Iddi

iwwer

Jong

jonk

Kaart

kachen

kafen

kämmen

Kéier

kënnen

kennen

kommen

kréien

kucken

lafen

Land

langweileg

langweilen

leeën

leiden

leien

léieren

léif

Léiw

Lëtzebuerg

liesen

loossen

lues

maachen

mat

Meedchen

Meenung

méiglech

mellen

mengen

Mier

Moien

molen

moossen

mussen

nächst

nees

nei

nëmmen

niewent

Noper

ophalen

oppassen

opstoen

Pabeier

Päerd

probéieren

Problem

Recht

reenen

Restaurant

richteg

roueg

Saach

sangen

Saz

Schaf

schaffen

schécken

scheeden

schlank

schlecht

Schlëssel

schneiden

schneien

schonn

schreiwen

schwammen

schwéier

sécher

séier

séiss

sëtzen

setzen

sichen

soen

sollen

Spaass

spadséieren

spillen

Sprooch

staark

Stau

staubsaugen

Steen

stellen

stoen

treffen

üben

ufänken

ukommen

umellen

undoen

Vakanz

Veräin

verbesseren

Verspéidung

virun

Vull

wannechgelift

wat

wéi

wéi

wéini

weisen

Well

wëllen

wëssen

Wieder

Wiss

Woch

wou

Wuert

Wunneng

Zëmmer

zielen

zouspären