X

ZLS NEWS

D’Mussol an de Coronavirus ... op Lëtzebuergesch

Op schouldoheem.lu fënnt een d’Geschicht vum Enric Vidal direkt an e puer Sproochen

„D’Mussol an de Coronavirus“ erkläert op eng agreabel a verständlech Manéier, wat d’Wëssenschaftler wëssen iwwer de Coronavirus Sars-CoV-2 an d’Krankheet Covid-19, a geet op fundamental Froen an, wéi z. B.: Wat ass de Coronavirus, wou kënnt säin Numm hier a wéi gëtt en iwwerdroen? Wat ass eng Impfung? Mécht et Sënn, Masken ze droen? Firwat musse mir doheembleiwen?

 

D’Geschicht kann de Kanner virgelies ginn oder d’Kanner liesen d’Geschicht selwer a Begleedung vun Erwuessenen.

D’Geschicht ass awer net nëmme fir kleng Kanner geduecht, mee och fir méi al Jonker a fir Erwuessener gëeegent. D’Zeechnunge sollen hëllefen, fir e puer Konzepter besser ze verstoen, besonnesch déi méi technesch a wëssenschaftlech Wierder. Am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch gouf d’Geschicht nogelies.

 

 

Hei geet et op d’Säit mat de PDFen op Däitsch, Englesch, Franséisch an op Lëtzebuergesch.

https://schouldoheem.lu/lu/activites/transversale-kompetenzen-horverstehen/dmussol-de-coronavirus

 

Hei gëtt et d’Geschicht esouguer nach an anere Sproochen.
http://www.irta.cat/en/mussol-and-the-coronavirus-an-illustrated-story-for-children-and-adults-that-helps-to-understand-covid-19/

 

An op Twitter gëtt et Updatë vum Mussol.

https://twitter.com/Mussoloficial

 

Mir wënschen eng informativ Lektür!