X

ZLS NEWS

#Wonschwuert: Schéckt eis Är Liblingswierder!

Twittert oder mailt eis déi lëtzebuergesch Wierder, deenen Dir méi Opmierksamkeet wënscht.

Appersmann, Uz, Wibbeldewapp Buuschtebënner, Gladder, Zodi: Kennt Dir dat, wa Wierder Iech frou maachen, déi Der scho laang net méi héieren hutt? Inspiréiert vun esou Aktiounen, déi vill Succès an de soziale Medien hunn, start den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch dʼAktioun #Wonschwuert.

 

Afen an apsen, héissen an hemsen, scharjeekelen a schillepsen, verdillegen a verkasematuckelen grad ewéi gedam, huerteg, kleesper a ronscheleg an och nach eenzock, kees, ounst a racksdeg:

Wënscht Dir Iech, datt Är Liblingswierder nees méi Opmierksamkeet kréien? Da schéckt eis se – ganz onofhängeg vun der Wuertaart – op lod@lod.lu oder taggt se op Twitter mat #Wonschwuert.

Vun absënns bis zanzen, vu jauwen bis Päerderchersspill, vu Spitzkniwweli bis verjuppen: Am Zenter sammele mir all Är Proposen, iwwerpréiwe se a publizéiere se an enger Lëscht.

Mir freeën eis op Ären Input!

#Wonschwuert