X

ZLS NEWS

De Covid-19-Glossaire an de Medien

Radio Lëtzebuerg an den 100,7 hu sech fir d‘Wierder vun der Pandemie interesséiert

Ënner dem Motto „D‘Begrëffer vun der Corona-Pandemie op Lëtzebuergesch“ huet den Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e „Covid-19-Glossaire“ opgestallt. An där Wierderlëscht sinn all déi Begrëffer dran, déi elo am Kontext vum Coronavirus méi dacks gebraucht ginn oder ganz nei an eisem Sproochgebrauch sinn. Ob se dat och bleiwen, ass eng berechtegt Fro, mee elo si se mol do a falen och nawell zerguttstert op, well se entweeder eng nei Bedeitung kruten (Corona) oder aus dem medezinesch-wëssenschaftleche Jargon stamen (Pandemie) oder aus dem Englesche kommen (Lockdown). No an no ginn dës Wierder och an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) opgeholl (déi meescht sinn et ewell), ob se doran eng Plaz solle behalen, muss sech nach weisen ...
De Glossaire vum ZLS orientéiert sech un änleche Glossairen am Ausland. E goung den 1. Mee 2020 online an ass an den éischten Deeg am Duerchschnëtt vun eppes iwwer 1.000 Leit ugeklickt ginn. D‘Ekipp vum LOD hofft, datt de Glossaire Hëllef bitt beim Verstoe vun der Kris an préift dofir och nach un engem Stéck potenziell nei Kandidaten. Där kann een iwwregens och proposéieren (per Formulaire op der Säit vum Glossaire oder per E-Mail op lod@lod.lu).
Fir de Glossaire virzestellen, stoung den Armand Becker vum ZLS dem Christiane Kremer vun RTL Radio Lëtzebuerg e Méindeg, 4. Mee an der Mëttesstonn Ried an Äntwert.
https://www.rtl.lu/radio/reportage/s/3091909.html

Den LOD-Lexikograf Alexandre Ecker huet dem Claude Faber vum 100,7 en Dënschdeg, 5. Mee ëm 18.15 Auer Explikatioune ginn.
https://www.100komma7.lu/program/episode/299254/202005051815-202005051818

      

 

Interessant Linken
EU-Glossaire
https://cdt.europa.eu/en/news/covid-19-multilingual-terminology-available-iate
DWDS-Glossaire
https://www.dwds.de/themenglossar/Corona
GfdS-Corona-Serie
https://gfds.de/das-coronavirus-aus-sprachlicher-sicht/
IDS-Glossaire
https://www.owid.de/docs/neo/listen/corona.jsp
Glossaire vu journalist.de
https://www.journalist.de/startseite/meldungen/detail/article/corona-lexikon.html
Kanadesche Glossaire mat franséischen Termen
https://www.btb.termiumplus.gc.ca/publications/covid19-fra.html
Hollännesche Corona-Glossaire
https://www.taalbank.nl/2020/03/14/coronawoordenboek/
Portugisesche Corona-Glossaire
https://www.lexonomy.eu/ec25mm79
Kleng englesch Glossairen
https://www.merriam-webster.com/words-at-play/coronavirus-words-guide/contagious-infectious
https://www.cnet.com/how-to/coronavirus-glossary-every-covid-19-related-term-you-need-to-know/
https://www.dictionary.com/e/coronavirus-words/

An nach e puer ausgewielten Artikelen aus de Medien
https://5minutes.rtl.lu/lifestyle/divertissements/a/1509218.html
https://www.berliner-kurier.de/panorama/corona-huster-und-schniefscham-hollander-haben-corona-worterbuch-li.81511
https://www.morgenpost.de/berlin/article228986867/Das-Lexikon-der-Corona-Krise.html
https://www.1843magazine.com/upfront/brave-new-word/do-you-speak-corona-a-guide-to-covid19-slang
https://www.nytimes.com/2020/03/18/us/coronavirus-terms-glossary.html
https://www.independent.co.uk/news/health/coronavirus-key-terms-what-to-know-social-distancing-glossary-a9422786.html
https://www.nzz.ch/feuilleton/social-distancing-geht-auch-ueber-die-sprache-ld.1553038?mktcid=smch&mktcval=twpost_2020-04-26