X

ZLS NEWS

Huet dat och e lëtzebuergeschen Numm?

Kraider a Gewierzer, Geméis, Nëss an Uebst, Gebeesser an Drëppen

Ënner dem Motto „Luxembourgish to go“ huet d’Tageblatt sech zweemol samschdes a sengem Magazin-Deel mat der Lëtzebuerger Sprooch befaasst.

„Kornischongen a Knuewelek“ housch et de 25. Abrëll. Trotz Coronavirus duerf ee jo eraus an dʼNatur an an de Gaart. Dëst huet d’Marthy Gloesener vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch op d’Iddi bruecht, sech emol op d’Sich no gebräichlechen Nimm fir Kraider, Gewierzer, Uebst, Nëss a Geméis ze maachen.

„Vu Quiddegebeess bis Hondsaaschdrëpp“ war den Titel de Weekend drop, also an der Editioun vum 2. Mee. Nees goung et an d’Natur, déi voll an der Bléi steet an eis am Summer eng Hellewull Uebstzorte schenkt. Déi kann een ideal weiderverschaffen. Den Armand Becker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet sech a sengem Bäitrag fir déi séiss a fir déi héichprozenteg Produiten interesséiert, déi een doraus ka maachen, an entféiert an d’Welt vun de lëtzebuergeschen Nimm fir Gebeesser a Jellien, fir Drëppen, Branntewäiner a Likören.

Nach en Hiweis an eegener Saach: Vill vun de Begrëffer an den Tageblatt-Lëschte sinn elo scho mat méi Inhalt am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD.lu) ze fannen, eenzeler sinn an der Maach, dat heescht um Wee an den Dictionnaire, an iwwer anerer gëtt aus ënnerschiddleche Grënn nach recherchéiert. Wann Dir weider Zorten oder Nimm kennt, dann zéckt net a schéckt dem Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) se. All Input ass wëllkomm, einfach mailen op: lod@lod.lu.