X

ZLS NEWS

LOQ – wat ass dat?

An der Zäit vum Confinement organiséiert den Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch „Live-Ortho-Quizzen“

Dobäi geet et, wéi d‘Bezeechnung Quiz et schonn undeit, ëm e spillereschen Ëmgang mat der Lëtzebuerger Orthografie. Allkéiers ginn eng Partei Froe iwwer d‘Schreifweis vun eenzele Wierder gestallt. Aus e puer Äntwertproposen ass dann déi richteg (oder déi, déi ee fir richteg hält) auszewielen an unzeklicken – also Multiple-Choice-Froen. Natierlech kritt een duerno direkt gesot, ob säi Choix richteg war oder falsch an da gëtt et och eng Erklärung, firwat eppes esou an net anescht geschriwwe gëtt. Fir datt een och eppes bäiléiert. An dat ass jo och grad dat Flott un der Lëtzebuerger Orthografie: Unhand vun de Reegelen, déi Enn 2019 aktualiséiert goufen, loossen sech déi allermeeschte Schreifweisen oder Grafië ganz gutt erklären. An eppes, wat een erkläert krut, verhält ee bekanntlech am beschten.

 

 

D‘LOQe lafen iwwer de Site www.menti.com. Do muss ee sech da mat engem Code aloggen (mir verëffentlechen deen ëmmer matzäit, grad ewéi och en direkte Link) an da kann een sech en Numm ginn – entweeder de richtegen oder just seng Initialen oder e Fantasienumm (Pseudonym). An anere Wierder: All Live-Ortho-Quiz gëtt online an anonym gespillt. A gratis ass d‘Matspille souwisou.

 

Nom Froen-Äntwert-Deel gëtt et e Link, mat deem een déi ganz Presentatioun nach eemol nokucke kann. Do gesäit een dann och, wéi allgemeng op déi eenzel Froe geäntwert gouf, et kann een d‘Feedbacke liesen an et gesäit een d‘Topp 10 vun deene Beschten. Bis elo hu bal nach bal ëmmer een, zwee oder dräi Kandidaten e Sans-faute realiséiert – Respekt!

 

Hei d‘Iwwersiicht iwwer d‘LOQen. Se ginn ëmmer moies um 10 an nomëttes um 4 Auer gespillt an hunn och alt emol theematesch Schwéierpunkten, zum Beispill Spréch, Ausdréck, Riedensaarten:

 

1. Dënschdeg, 31. Mäerz

2. Mëttwoch, 8. Abrëll

3. Donneschdeg, 16. Abrëll

4. Mëttwoch, 22. Abrëll

5. Mëttwoch, 29. Abrëll

 

Den nächsten LOQ: Mëttwoch, 6. Mee

 

Den LOQ an de Medien:

RTL (31. Mäerz): https://www.rtl.lu/radio/feature/s/3059284.html

RTL (16. Abrëll): https://www.rtl.lu/radio/reportage/s/3073149.html

100,7 (21. Abrëll): https://www.100komma7.lu/program/episode/297020/202004211815-202004211818