X

ZLS NEWS

Deen nächsten LOQ ass an der Maach

An e gëtt sauschwéier, de Wapp soll Iech roueg scho goen!

Fir d‘éischt wëlle mir emol Merci soe fir dee super léiwe Feedback um Wupp vun eisem éischte Live-Ortho-Quiz, aka LOQ. An den zwou Seancen en Dënschdeg, den 31. Mäerz, hate ronn honnert Leit matgemaach – mir ware méi wéi positiv iwwerrascht!

Och vun der Qualitéit vun den Äntwerten, e sëllegen hunn e Parcours sans faute realiséiert, Chapeau!

Fairerweis sief gesot, et war jo och ze maachen! Et waren zéng Froen, wa mir d‘Opwiermfro (Lëtzebuerger oder Lëtzeboia?) net matzielen.

E puer dervu waren net esou schwéier: Zalot, glécklech, midd, Wieder an Alstad, dat konnt een erausfannen. E bësse méi tricky waren dogéint scho süüss, wat ee verlëtzebuergescht effektiv esou muss schreiwen (virun ss muss den Ëmlaut verduebelt ginn), de Klassiker Rëmeleng (just Pinktelcher um betounten e, soss néierens en diakritescht Zeechen, wéi een d‘Tëppelcher an d‘Accenten och nach nennt) an natierlech den Toilettëpabeier – well de stommen e um Wupp vun Toilette op eemol betount ass, muss en Tëppelcher kréien; och wann een Toilette gären ouni e hanne wéilt schreiwen. Ma well den oi kloer franséisch gelies gëtt, behält een déi franséisch Schreifweis bäi, eng richteg integréiert Form wier wuel Tualett oder Toalett … wéi ee se by the way a Skandinavie ka fannen.

 

TOALETT

 

En Tick méi schwéier war de Meter, deen eng vun de wéinegen offiziellen Ausnamen duerstellt, wou de laangen e, obwuel an enger betounter Silb, net verduebelt gëtt, also net Meeter, wéi et de Reegele géif entspriechen, ma wéinst der internationaler Schreifweis weiderhi Meter (wat net jidderengem schmaacht, we know).

Déi wuel schwéierst Fro war awer: Wéi schreift ee vrecken? Et war effektiv déi eenzeg, wou et méi falsch Choixe gouf wéi richteger, well een natierlech op en f vir tippt, ma wann een d‘Etymologie kuckt, vum däitsche verrecken, ass logescherweis e v richteg … Okay, dat war e bësse fies, also fis :-)

Schreifweisen hin a Feeler hier, de Feedback war super positiv. Op d‘Fro „Wéi hutt Der de Quiz fonnt?“ gouf et als Äntwert (hei just e klenge Choix): flott, cool, super, tipptopp, interessant, eng gutt Iddi, net ganz liicht, mëttelschwéier

An e schéngt och e bësse säin Zweck erfëllt ze hunn:
- Ech hunn et mega flott fonnt an ech hunn och nach eppes dobäi geléiert.
- Super!! Ech hat mir méi richteg erwaart.
- Jo merci wierklech flott an ëmmer schéin ze gesinn dat een nach laang net alles weess.....merci fir déi flott Ofwiesslung

An da krute mer awer och gesot, mir sollte méi där Quizze maachen (jo, dat kritt am Pluriel zz):

- Et misste méi där Quizze gemaach ginn :)
- Kënnt Dir roueg méi oft maachen. Lo hu mer jo all besser Zäit 😉
- War eng flott Iddi! Ganz gäre méi dovunner! :-)
- Freeë mech op d'nächst Kéier.
- Ech géif nach een anere Quiz maachen.
- Kann gär méi oft organiséiert ginn!
- Ganz léierräich, Dir misst dat vill méi dacks maachen ! Motivatiounsbooster, villmools Merci :)

Dat loosse mir eis natierlech net zweemol soen!!! Déi nächst Woch kënnt also den nächste Quiz an dat gëtt e richtegen Ortho-Sprint: 25 Froen, 25 Sekonnen! Mir kruten nämlech un d‘Häerz geluecht, méi Froen ze ginn a manner Zäit ze loossen – an anere Wierder: Dot Iech waarm un, et gëtt saukal, also sauschwéier!

Just ee Wonsch kënne mer nach net direkt erfëllen: „Wier méi cool, wann een och eppes giff gewannen:))“

Mir hoffen, Dir sidd awer nees derbäi!!!

 

FEEDBACK