X

ZLS NEWS

Moie Moien!

!!! Opgepasst: d'Deeler 2 an 3 gi wéinst der aktueller Situatioun mam COVID-19 op e spéideren Zäitpunkt verluecht !!!

Och de Weekend ass den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch fir déi richteg Schreifweis am Asaz: Dräi Samschdegmoienter ass dʼASBL „Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch“ bei eis op Besuch, fir iwwer déi aktualiséiert a completéiert Orthografie informéiert ze ginn. De Workshop gëtt gehale vum Sarah Hess a vum Helmuth Sperl.

Optakt war de 7. Mäerz, weider Workshoppe sinn de 14. an den 21. Mäerz, dann och mat engem Exkurs an dʼLinguistik vum Caroline Doehmer an engem Abléck an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire vum Alexandre Ecker.

DʼMoien ASBL feiert iwweregens 2020 hire 15. Anniversaire. Ëmsou méi houfreg si mir, si am Zenter zu Stroosse wëllkomm ze heeschen!