X

ZLS NEWS

Eng Schatzkëscht fir eise Wuertschatz

!!! Opgepasst: d'Konferenz gëtt wéinst der aktueller Situatioun mam COVID-19 op e spéideren Zäitpunkt verluecht !!!

D’Kulturkommissioun, mat der Ënnerstëtzung vun der Walfer Gemeng, invitéiert op eng Konferenz iwwer de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS). Et schwätzen de Luc Marteling, Direkter vum ZLS, an den Alexandre Ecker, Lexikograf vum LOD. Si stellen deen neien Zenter vir, gi kuerz op d’Lëtzebuerger Orthografie an a presentéieren de Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

De Virtrag „Eng Schatzkëscht fir eise Wuertschatz“ ass en Dënschdeg, 17. Mäerz, um 19:30 Auer zu Walfer am Centre Culturel Prince Henri, am Projektiounssall um 1. Stack. (Adress: 3, Route de Diekirch, 7220 Helmsange).

Den Entrée ass gratis an no der Konferenz invitéiert d’Walfer Gemeng op e Patt.