X

ZLS NEWS

D'Lëtzebuerger Orthografie am ZLS an am Educatiounsministère

Op zwou Plazen ass d'Buch nach gratis ze kréien

Déi completéiert Orthografie, déi Enn 2019 virgestallt gouf, fannt Dir flott ënnerdeelt op zls.lu, wou Dir se och als PDF kënnt eroflueden. Et gëtt se awer och a Buchform an dat gratis am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch zu Stroossen an am Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an der Stad beim Aldringer.