X

ZLS NEWS

Lëtzebuergesch Landkaart immens beléift

Gratis Offer léist richtegen Hype aus

„WOW! 6000 Bestellungen a 24 Stonnen. Bestellt roueg weider. Mir drécke weider.“ Den Tweet vum Educatiounsminister Claude Meisch huet keng Froen opgelooss: Bannent engem Dag waren net manner ewéi 6.000 Landkaarte mat den Uertschaftsnimm op Franséisch an op Lëtzebuergesch bestallt ginn an esou séier wier dës gratis Offer och nach net eriwwer.

[Den rtl.lu-Link huet an der Tëschenzäit geännert]

Kuerz virun de Meldungen iwwer déi grouss Nofro an den nationale Medien hat de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend per Communiqué matgedeelt:

Ëlwen / Troisvierges, Gehaansbierg / Mont Saint Jean, Larochette / Fiels ...: Dacks ginn et zwee verschidden Nimm fir déi selwecht Lokalitéit. Fir et de Kanner a Jugendleche méi einfach ze maachen, den offiziellen, meeschtens franséischen Numm mat dem lëtzebuergeschen Numm ze associéieren, huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Landkaart mat den Nimm vun den Uertschaften an de Flëss a béide Sproochen erausbruecht an un all Grondschoulen a Lycéeë geschéckt.

Dës zweesproocheg Landkaart ass natierlech och fir Erwuessener nëtzlech. Si kann dofir vu jidder Interesséierten am A2-Format gratis beim Ministère bestallt ginn. De Bestellformulaire fënnt een ënner http://edulink.lu/unpa.

Déi lëtzebuergesch Uertsnimm goufe vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, CPLL) festgehalen. Op cpll.lu fënnt een ausserdeem eng Lëscht mat den uechter d'Land geleefegen Nimm, déi op der Kaart publizéiert goufen, a mat deenen Nimm, déi eventuell éischter an den Uertschafte selwer benotzt ginn.

Um CPLL-Site sinn dʼNimm an enger Excel-Datei erofzelueden.

DʼKaart selwer ass och am PDF-Format disponibel.

Natierlech goufen all dës Uertsnimm vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) och am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) opgeholl.

Op der LOD-Homepage fannt Dir elo e Knäppchen, deen Iech dʼUertsnimm an alphabetescher Reiefolleg presentéiert. Dir fannt se awer och alleguer hei drënner, mat Link op den LOD.

Virdrun nach dësen Hiweis: Mir iwwerschaffen aktuell nach eis Beispillssätz, datt een iwwerall gewuer gëtt, wéi eng Prepositioun lokal an direktional geholl ginn: Ech wunnen um Briddel, ech fueren op de Briddel. Ausserdeem integréiere mir en Hiweis op déi lokal Varianten an den Artikel vun der Haaptvariant. Deemno géif Wormer net just op Wuermer verweisen, ma bei Wuermer géif een och iwwer Wormer informéiert ginn.

Aansebuerg

Aassel

Aasselbuer

Aasselbuerer Millen

Aasselburren

Aasselburrer Millen

Aasselscheier

Aessen

Äischen

Äischer

Akescht

Aleft

Al-Esch

Allënster

Allerbuer

Allerburren

Almillen

Alrodeschhaff

Alschent

Altwis

Alzeng

Amber

an der Buerg

Angelduerf

Angelsbierg

Angsber

Angsbreg

Ansebuerg

Antoniushaff

Ärenz

Ärenzen

Assel

Baache Jang

Baastenduerf

Bäerdref

Bäertref

Bakesmillen

Bamerdall

Bamhaff

Banzelt

Bärel

Bäreldeng

Bartreng

Baschelt

Bauschelt

Bauschelter Millen

Bech

Becher Millen

Bech-Maacher

Beefort

Beeforter Heed

Beeforter Schlass

Beelenhaff

Beeler

Beesslek

Beetebuerg

Beggen

Beidler

Béigen

Béiwen

Béiwen-Atert

Béiweng

Belair

Bëlleg

Belval

Bënzelt

Bënzert

Berbuerg

Berbuerger Haff

Berzelterhaff

Bëschdref

Bëschrued

Bëttel

Bettenduerf

Betteng op der Mess

Betzder

Betzemillen

Beyeren

Bicherhaff

Bidscht

Biebereg

Biekerech

Bieles

Bierchem

Bierden

Biereng

Biereng

Bierengerbierg

Bierg

Bierg

Biergem

Biergerkräiz

Bierghaff

Bierkelt

Bierkenhaff

Biermereng

Bierschbech

Biertreng

Bieschbech

Bigelbaach

Biissen

Biisser Millen

Bildgeshaff

Bill

Bilschdref

Bireler Haff

Birendall

Biwels

Biwer

Biwerbaach

Biwesch

Biwisch

Blaaschent

Bleesbréck

Bleesmillen

Bloebierg

Blummendall

Bockmillen

Boermereng

Bollendrëffer Bréck

Bollenduerfer Bréck

Bomecht

Bomillen

Bommel

Bommelscheier

Boufer

Bouferdeng

Bouferterhaff

Boukels

Boukels

Boukelsser Millen

Bouneweg

Bous

Boxer

Brameschhaff

Bramillen

Branebuerg

Brattert

Breedelt

Bréidelt

Bréim

Breinert

Bricherhaff

Bricherhaff

Bricher Millen

Brichermillen

Briddel

Brill

Brongeschhaff

Brosiushaff

Brotebaach

Brouderbuer

Bruch

Bruch

Bruch

Brücherhaff

Brücherheck

Bruechtebaach

Buchholz

Buchholzer Haff

Buckels

Buddeler

Buddelerbaach

Buer

Buerermillen

Buerfelt

Buerg

Buerghaff

Buerglënster

Buerschdref

Buerschent

Buerschter Millen

Buerschter Plage

Buerschter Schlass

Bungeref

Bungerëffer Millen

Bur

Burer Millen

Burfelt

Bus

Butschebuerg

Buurschent

Buurschter Millen

Buurschter Plage

Buurschter Schlass

Café Halt

Cap

Capellen

Chrëschtnech

Chrëstnech

Clausen

Clemenshaff

Cliärref

Cliärrwer Schlass

Clierf

Clierfer Schlass

Cloche d'or

Closbierg

Closdellt

Colmer

Colmer-Bierg

Colmer Bréck

Colmer Halt

Conter

Cornelysmillen

Deewelt

Déierbech

Déierbich

Déifferdang

Déifferdeng

Déiljen

Deisermillen

Dellen

Dellhéicht

Diänjen

Dickeschbur

Dickweiler

Diddeleng

Diënjen

Dierbech

Dikrech

Dikrich

Dippech

Dippecher Gare

Dirbecht

Direndall

Dol

Domaine Hueseknäppchen

Dondel

Donkels

Donwen

Doosber Bréck

Dousterterhaff

Dräibuer

Dräibur

Draufelt

Drénkelt

Dudderhaff

Duelem

Duelem

Duerscht

Duerschter Haischen

Dummeldeng

Dumongshaff

Eech

Eechelbuer

Eechternoach

Eelenter

Eenelter

Eesbech

Eescheler

Eeschpelt

Eeschwëller

Eesebuer

Eeselbuer

Éileng

Éilereng

Éimereng

Éimeschbaach

Éimischbaach

Éinen

Éischt

Éiter

Éitermillen

Ell

Elleng

Ellenger Gare

Ëlwen

Elweng

Elz

Emeringerhaff

Engelshaff

Ënnereesbech

Ënnerschlënner

Ënnescht Millen

Ënsber

Enteschbaach

Eppelduerf

Eschdöerf

Eschduerf

Esch-Sauer

Esch-Uelzecht

Eschweiler

Essen

Ettelbréck

Fausermillen

Feelen

Feels

Féinsterdall

Féischterbierg

Féischterhaff

Féitsch

Féiz

Felleschmillen

Fëlschdref

Féngeg

Féngig

Fenneng

Fënsterdall

Fënsterhaff

Fenteng

Fënz

Fëschbech

Fëschbech

Fëschbecher Haff

Fëschbich

Fetschenhaff

Fettmeth

Fiels

Fielsmillen

Fielsmillen

Fielsser Schlass

Fiertgeshaff

Findel

Findelshaff

Flatzbuer

Flatzbur

Fléckenhaff

Fléiber

Fléiber

Fluessweiler

Flughafen

Fockemillen

Folkendeng

Follmillen

Folscht

Fond de Gras

Fossenhaff

Foulscht

Fräiheetsbam

Freckeisen

Fréiresmillen

Fréiseng

Fréngerhaff

Fridbësch

Fridhaff

Frombuerger Haff

Froumillen

Fünfbrunnen

Furels

Furen

Fuussbann

Fuussekaul

Fuusswiss

Gaaschtgronn

Gaaschtmillen

Gaasperech

Gäichel

Gantebeensmillen

Gare

Garnech

Géidgen

Géidger Millen

Geierhaff

Geieschhaff

Géisdref

Gëlt

Gemener Haff

Gëtzen

Giewel

Giewelsmillen

Giischt

Giischterklaus

Gillenshaff

Gilsdref

Giwenech

Giwenich

Goeberhaff

Gondel

Gonnereng

Gouschteng

Goussel

Gousseldeng

Gräisch

Grandsen

Grasbësch

Grass

Gréiweknapp

Greiweldeng

Greiweldengen

Gréiwels

Gréiwelsser Barrière

Gréiwelsser Haff

Gréiwemaacher

Grëmelischt

Grëmmelescht

Grenz

Grenzen

Grewenhaff

Groesteen

Grolënster

Grommeschmillen

Grondhaff

Grondhaff-Schlass

Gronn

Grooljen

Groussbéiwen

Groussbus

Guddelt

Guedber

Haalsbaach

Haarderbaach

Haarthaff

Haassel

Haaster

Haastert

Habscht

Haff Ahl

Hakenhaff

Haler

Hamm

Hammhaff

Hanenhaff

Hannerhasselt

Härebierg

Harel

Hareler Poteau

Haupeschhaff

Heckenhaff

Heedscheier

Heesberhaff

Heeschbech

Heeschbreg

Heeschdref

Heeschpelt

Heesdref

Heinenhaff

Héinischt

Héischdref

Heischent

Heischtergronn

Héisdref

Héiweng

Helfenter Bréck

Helleng

Hellgewiss

Helsem

Helzen

Hemstel

Hengescht

Hengischt

Hénkel

Hënsdref

Hëpperdang

Herdermillen

Hermeswiss

Hesper

Hessemillen

Hëttermillen

Hiefenech

Hielem

Hierber

Hierber Millen

Hierheck

Hierzenhaff

Hiestgriechter Haff

Hingerhaff

Hirtzhaff

Hitten

Hoen

Holler

Hollerech

Hollermillen

Holz

Holzem

Holztem

Hongeschhaff

Honicht

Horas

Horgershaff

Hosbich

Hossebierg

Houfelt

Houltz

Houschent

Houschter-Déckt

Houschter Haff

Housen

Housener Barrière

Houwald

Hueflach

Huelmes

Hueschtert

Hueschtert

Huewel

Huldang

Huldanger Millen

Hunchereng

Hunnebuer

Iechternach

Ielwen

Iener

Iermsdref

Iernster

Iernzen

Ierpeldeng

Ierpeldeng

Ierpeldeng-Sauer

Ierseng

Iewerleng

Iewerlenger Millen

Iewescht Schlënner

Iischpelt

Ischpelt

Iwwersiren

Izeg

Izeger Stee

Jaanshaff

Jäger

Jangharishaff

Jeeërhaischen

Jénkenhaff

Jokesbierg

Jonglënster

Juckefeld

Juegdschlass

Juegdschlass

Kaalber

Kaalber Millen

Kaalmes

Kaalmesser Millen

Kaaspelt

Kackerterhaff

Käerch

Kaffishaff

Käl

Kalchesbréck

Kalkesbaach

Kalscheier

Kanech

Kapenaker

Kapweiler

Karelshaff

Katrewang

Katrewang

Kauneref

Kautebaach

Keel

Keespelt

Kéiber

Kéideng

Kéiermillen

Kéimicht

Kéinzig

Kéisfuert

Keiwelbaach

Kelleschhaff

Kempchen

Kempemillen

Kënsecker Haff

Kënzeg

Këppenhaff

Kielen

Kiemen

Kiemerchen

Kierchbierg

Kierchen

Kierchermillen

Kietscht

Kimm

Kinnikshaff

Kirchen

Kirchermillen

Kirelshaff

Kitzebuer

Klaushaff

Klaushaff

Kléck

Kléimillen

Klengbetten

Klenge Buerghaff

Kléngelbuer

Kleng Elchert

Kléngelscheier

Klenghouschent

Klosmillen

Knapphouschent

Kockelscheier

Kohn

Koler

Kolwent

Konerhaff

Konsdref

Konsdrëffer Millen

Konstem

Koplescht

Kounenhaff

Kräizenhéicht

Kräizerbuch

Kräizhaff

Krakelshaff

Kranzenhaff

Krautem

Kréindel

Kréintgeshaff

Krokelshaff

Krounebierg

Kruuchten

Kuebebuer

Kuelbecher Haff

Kultgeshaff

Laaschent

Lafewier

Läitrenger Haff

Lalleng

Lameschmillen

Lameschmillen

Lampech

Lampertsbierg

Lankelz

Lannen

Lannener Bierg

Lasauvage

Lausduer

Lauterbuer

Leedebach

Leemillen

Leemkaul

Leeresmillen

Leetem

Leewel

Lëftgermillen

Legay

Lehmkaul

Leideleng

Leidelenger Gare

Léierhaff

Léifreg

Léiler

Léisbech

Léiweng

Lelleg

Lellerhaff

Lellgen

Lëllgen

Lëlz

Lénger

Lenglerlach

Lenglerlooch

Lenneng

Lëntgen

Lenzweiler

Lëpschent

Lëpschter Dällt

Lëpschterhaff

Les Rochers

Lëtzebuerg

Liewel

Liljen

Longsdref

Luerenzscheierhaff

Luerenzweiler

Maarkebaach

Maarksbierg

Maarnech

Maarnich

Mäerkels

Mäertert

Mäerzeg

Mamer

Manertchen

Manternach

Märel

Mariendall

Märjendaller Haff

Marscherwald

Marxeknupp

Marxmillen

Masseler

Matgeshaff

Maulesmillen

Maulusmillen

Méchela

Méchelbuch

Méchelsbierg

Méchelshaff

Mecher

Meecher

Meechtem

Meesebuerg

Meespelt

Méideng

Méischdref

Méischtref

Melickshaff

Mëllerdall

Mëlleref

Mënjecker

Mënsbech

Mënsbecher Schlass

Mensder

Mëtscheed

Mëtschenhaff

Miedernach

Miersch

Mierschent

Miesdref

Millbech

Millebaach

Minsbech

Misärshaff

Mompech

Mompich

Monnerech

Moserhaff

Mouschbierg

Munneref

Munnerëffer Strooss

Munzen

Mutfert

Nacher

Nacher Strooss

Näerden

Näertrech

Näertrich

Näerzeng

Näidsen

Nei Brasilien

Neiduerf

Neiduerf

Neienshaff

Neihaff

Neihaff

Neihaischen

Neiluerenzscheierhaff

Neimillen

Neimillen

Neimillen

Neimillen

Neimillen

Neimillen

Neimillen

Neirodeschhaff

Néngsen

Nidderaanwen

Nidderdonwen

Nidderfeelen

Nidderglabech

Nidderkäerjeng

Nidderkolpech

Nidderkuer

Nidderpallen

Nidderpallener Millen

Nidderréideng

Nidderter Haff

Nidderwampech

Nidderwämper Halt

Nidderwampich

Nidderwampich-Halt

Nidderwolz

Nidderwooltz

Niklosbärig

Niklosbierg

Ningsen

Nisendaller Haff

Nojem

Nojemer Bierg

Nojemer Haff

Noumer

Nouspelt

Noutem

Nuechtmanescht

Obeler

Ohn

Ollem

Openthalt

Osper

Ouljen

Ousterbuer

Ousterbuer

Ousterholz

Pafebierg

Pafebruch

Pafemillen

Pafendall

Pärel

Park

Peckelshaff

Péiteng

Pënsch

Peppeng

Pëtschent

Pëtscht

Pëtten

Piisseng

Pläitreng

Plankenhaff

Platen

Pletschette

Polvermillen

Pommerlach

Poschend

Posselt

Potaschbierg

Poul

Präiteler

Préizerdaul

Pretemer Haff

Pretten

Proz

Raemerich

Räichel

Rammeldang

Rammerech

Rammerich

Randschelt

Recken

Reckendall

Reckener Barrière

Reckeng op der Mess

Reckingerhaff

Réid

Réideng

Réiden op der Atert

Réiden op der Kor

Réidingshaff

Reifeschbierg

Reiland

Reilander Millen

Reiler

Réimech

Reineschhaff

Reisdref

Reisduerf

Réiser

Reisermillen

Rëmeleng

Rëmeljen

Rëmerech

Rëmerschen

Réngel

Réngeler Haff

Riedgen

Riemeschen

Riesenhaff

Ringbaach

Rippeg

Rippweiler

Rodange

Rolleng

Rolleng

Rolleng

Rollengergronn

Rommeler Haff

Ronnebësch

Rossmillen

Rosswénkeler Haff

Roudemer

Roudenhaff

Roudenhaff

Roudenhaff

Rouderssen

Roumecht

Rouscht

Rouschthaff

Rouspert

Routbaach

Ruadder

Rued

Rued

Ruedder

Rueder

Rued-Sir

Rulljen

Saassel

Saitert

Sandweiler

Sandweiler Gare

Schack

Schäferrieder

Schandel

Schanz

Scheedbierg

Scheedel

Scheedgen

Scheedhaff

Scheedheck

Schëffleng

Scheierbierg

Scheierhaff

Scheierhaff

Scheierhaff

Scheierhaff

Scheierhof

Schéiferei

Schëmpech

Schëmpich

Schëndels

Schëndelsser Millen

Schengen

Schëtter

Schibbreger Millen

Schibbreger Schlass

Schierbaach

Schieren

Schierener Haff

Schierener Millen

Schierfenhaff

Schiltzbierg

Schläifmillen

Schläifmillen

Schläiterhaff

Schlammestee

Schlassgoard

Schleederhaff

Schleef

Schléiwenhaff

Schlënnermanescht

Schmëdd

Schmëtt

Schmëttewier

Schmuelen

Schockmillen

Schorenshaff

Schous

Schraasseg

Schraasseger Kuelebierg

Schréideschhaff

Schrondweiler

Schuller

Schumannseck

Schummeschmillen

Schwaarzenhaff

Schwanterhaff

Schweebech

Schweebecher Bréck

Schweech

Schwéidsbeng

Schwiddelbruch

Schwunnendall

Seelerhaff

Sëll

Selschent

Selz

Senneng

Sennengerbierg

Simmer

Simmerfarm

Simmerschmelz

Sir

Sirdall

Sirdallschlass

Siren

Siwebueren

Siwemuergen

Siwwenaler

Sliepenhaff

Soller

Sommet

Specksmillen

Sprénkeng

Stackem

Stad

Stadbriedemes

Stad Lëtzebuerg

Stafelter

Steebrécken

Steeën

Steenem

Steesel

Stengefort

Stolzebuerg

Stoppelhaff

Stroossen

Stuppecht

Suessem

Suewelbuer

Supp

Supp

Tandel

Téinten

Téiteng

Tënten

Tëntesmillen

Theinshaff

Thillsmillen

Tomm

Tomm

Toodler

Toodlermillen

Tossebierg

Toussaintsmillen

Tratten

Trätter Strooss

Trënteng

Trudlermillen

Tschiddeschmillen

Turelbaach

Tutschemillen

Uecht

Uelegsmillen

Uelegsmillen

Uerschterhaff

Ueschdref

Ueschdrëffer Millen

Uespelt

Uesper

Uesweiler

Uesweller

Ueweraanwen

Uewerdonwen

Uewereesbech

Uewerfeelen

Uewerglabech

Uewerkäerjeng

Uewerkolpech

Uewerkuer

Uewermaartel

Uewer-Maarteleng

Uewerpallen

Uewerstad

Uewerwampech

Uewerwampich

Universitéit

Useldeng

Veianen

Veianer Schlass

Veinen

Veiner Schlooss

Verluerekascht

Vesquenhaff

Viichten

Waalsdref

Waarken

Waasserbëlleg

Wäicherdang

Wäissenhaff

Wäiswampech

Wäiswampich

Wal

Waldbëlleg

Waldberg

Waldbriedemes

Waldhaff

Walfer

Wallenduerfer Bréck

Walter

Wandhaff

Wandhaff

Wanseler

Watschenterhaff

Wealerhaff

Webeschhaff

Wecker

Wecker Gare

Weeltzer Schlass

Wegdichen

Weidemillen

Weidendall

Weiler

Weilerbaach

Weiler zum Tuer

Weimeschhaff

Weimeschkierch

Welfreng

Weller

Welleschten

Wellesteen

Welschent

Welsdref

Wëlwerwolz

Wëlzer Schlass

Wemperhaart

Wëntger

Wëntreng

Weydeg

Weyderter Haff

Weyer

Wickreng

Wilspull

Wiltgeshaff

Wilwerdang

Wirtgensmillen

Wobrécken

Wollefsmillen

Wolper

Wolwen

Wolwener Klaus

Wolz

Wooltz

Wormer

Wormerberreg

Wuelendrëffer Bréck

Wuelessen

Wuelesser Déckt

Wuelper

Wuermer

Wuermer Bierg

Zaepert

Zéisseng

Zens

Zëtteg

Zolwer

Zowaasch