X

ZLS NEWS

Nei Hëllefsdokumenter online

D'Ännerunge vun der completéierter Orthografie op ee Bléck

Nieft dem Haapttext vun der Orthografie, deen der hei fannt, huet den ZLS och nach zwee Hëllefsdokumenter fir Iech: eng Kéier e preziist Iwwersiichtsdokument, wou all aktualiséiert Reegel genee erkläert gëtt. Nei ass elo déi kompakt Versioun vum Iwwersiichtsdokument, wou der déi wichtegst Ännerungen op zwou Säite kënnt noliesen! Bei Froe kënnt Dir Iech wéi ëmmer per Mail mellen ënner lod@lod.lu oder iwwer eise Kontaktformulaire hei um Site.