X

ZLS NEWS

Déi meeschtgekuckte Wierder op lod.lu

Wat no der completéierter Orthografie besonnesch dacks gesicht gouf

Duerch déi completéiert Orthografie, déi Mëtt November 2019 a Kraaft getrueden ass, waren ongeféier 1 % vun de Wierder vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire betraff ... hei sinn déi 20, déi zanterhier am meeschte gekuckt goufen:

1) zimmlech
2) wannechgelift
3) ieren
4) gemeinsam
5) opmierksam
6) stuer
7) Ekipp
8) puer
9) trauereg
10) Bier
11) Flughafen
12) well
13) Spuer
14) Stier
15) änlech
16) Fürerschäin
17) entweeder
18) üblech
19) Fernsee
20) Reiefolleg

D'r-Reegel (i an u virum r) schéngt déi Reegel ze sinn, déi d'Leit am meeschten interesséiert. Et sinn nämlech gläich 6 Wierder vun 20 vun där Reegel betraff (ieren, stuer, puer, Bier, Spuer a Stier).

Dat ass ëmsou méi interessant, well grad déi Reegel ganz nei Schreifweise mat sech bruecht huet.

Dat aktuellt Reegelwierk kann um Site vum ZLS gekuckt an erofgeluede ginn.