X

ZLS NEWS

D'Lëtzebuerger Orthografie ass nees disponibel

Déi 2. Oplo gouf geliwwert

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch freet sech iwwer de groussen Interessi fir d'Lëtzebuerger Sprooch a fir déi completéiert Orthografie.

Déi éischt Oplo vum aktualiséierte Reegelwierk war bannent 48 Stonne vergraff: Op de Walfer Bicherdeeg goufen déi éischt 1.500 Exemplairen ausgedeelt.

Déi zweet Oplo ass elo disponibel. D'Bicher, déi online oder op de Bicherdeeg virbestallt goufen, ginn elo esou séier wéi méiglech fortgeschéckt a komme geschwë bei de Leit un.

De kompletten Text fannt Dir hei. De PDF kann hei erofgeluede ginn. En Dokument mat just den Ännerungen ass och disponibel.