X

ZLS NEWS

D'Lëtzebuerger Orthografie gëtt nogedréckt

Déi 1. Oplo ass scho vergraff

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch freet sech iwwer de groussen Interessi fir d'Lëtzebuerger Sprooch a fir déi completéiert Orthografie, déi e Freideg virgestallt gouf.

Déi éischt Oplo vum aktualiséierte Reegelwierk war bannent 48 Stonne vergraff: Op de Walfer Bicherdeeg goufen déi éischt 1.500 Exemplairen ausgedeelt.

Déi zweet Oplo dierft Enn nächster Woch disponibel sinn. D'Bicher, déi online oder op de Bicherdeeg virbestallt goufen, ginn dann esou séier wéi méiglech fortgeschéckt.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

De Formulaire fir d'Bestellungen ass nach ëmmer online.

De kompletten Text fannt Dir hei. De PDF kann hei erofgeluede ginn. En Dokument mat just den Ännerungen ass och disponibel.