X

ZLS NEWS

Eis Sprooch richteg schreiwen

E praktescht Léierwierk fir dat aktualiséiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthografie

De Josy Braun (1938-2012) war e bekannte Lëtzebuerger Journalist a Schrëftsteller. Aus senger Fieder staamt ënner anerem deen éischte Krimi op Lëtzebuergesch: Porto fir d’Affekoten. Hie war Member vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL) a vum Institut Grand-Ducal, Section des Arts et des Lettres. D’Lëtzebuerger Sprooch louch dem Josy Braun besonnesch um Häerz a mat dësem Bichelchen huet hien déi offiziell Schreifweis vermëttelt – op eng méiglechst einfach Aart a Weis a mat groussem Succès, well „Eis Sprooch richteg schreiwen“ kënnt antëscht op ronn 20 Oploen.

De Josy Braun huet och um Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) matgeschafft. Dee gëtt haut vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) betreit. Den Zenter huet dëst Léierbichelchen aktualiséiert an ergänzt, esou datt et der completéierter Orthografie vum November 2019 entsprécht. Dorëms huet sech den Helmuth Sperl, Mataarbechter vum ZLS a Member vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) a vum Institut Grand-Ducal, Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique, gekëmmert.

DʼBuch ass eng perfekt Aféierung an d‘Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch mat e sëllege flotten Annexen – vun Aluedunge bis Interjektiounen, vun Iessen a Gedrénks bis bei Insekten, vu laténgesche Riedensaarte bis koppege Sätz fir ze diktéieren. Et kascht 15 Euro.



Eis Sprooch richteg schreiwen
Text: Josy Braun
Redaktioun: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Copyright: Josée Klincker an ZLS, Stroossen 2019
Editeur: SCRIPT an ZLS
Deckelfoto: Raymond Erbs
Layout: Bakform
Dréckerei: eXe Group, Oplo: 1.500
ISBN 978-99959-1-132-4
104 Säiten 15 Euro