X

ZLS NEWS

Den Zenter op de Walfer Bicherdeeg

De Weekend vum 16. a 17. November 2019 zu Walfer

Dir vermësst e Wuert am Lëtzebuerger Online Dictionnaire oder hutt eng Fro iwwer eng Schreifweis? Da besicht eis op de Walfer Bicherdeeg!

Den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch ass an der Hal 2 a freet sech op Äre Besuch.

Op eisem Stand kënnt Dir dʼLeit hanner dem Dictionnaire kenne léieren an hinne Froe stellen, Dir kënnt Iech déi completéiert Orthografie op Pabeier mathuelen, déi aktualiséiert Versioun vum Josy Braun sengem Standardwierk „Eis Sprooch richteg schreiwen“ kafen an un engem klengen Orthoquiz deelhuelen …

DʼWalfer Bicherdeeg sinn de Weekend vum 16. a 17. November 2019. Samschdes ass op vun 10.30 bis 18 Auer, sonndes vun 10 bis 18 Auer. Den Entrée ass gratis.

 



Weider Informatiounen um Site vun de Walfer Bicherdeeg.