Klangatelier 2.+3.Trimester
Cycle 1 / Improvisatiounen, wat ass dat?
D’Kanner spillen e klenge Concert zesummen.
Wéi geet dat?
Mir man eis prett mat enger Otemübung oder enger Begréissung .
Mir stinn am Krees . Jidfer Kand wielt en Instrument, spillt seng eege Musek a probéiert och deenen anere Kanner hir Musek ze héieren. Am Ufank kléngt dat nach méi chaotesch, mee lues a lues entsteet en Zesummespill. Flott ass, wann d’Kanner ufänken a Kontakt ze goen, e gemeinsame Rhythmus ze fannen .
Heiansdo dirigéiert d’Léierin, heiansdo Kanner, heiansdo spillen d’Kanner hirt Spill ouni Directioun.
No der Improvisatioun loosse mir d’Musek nokléngen an deele mir wat mir emfonnt hunn: wéi hu mir d’Improvisatioun fonnt ? wat hu mir gespuert? wat hu mir gefillt? hu mir e Bild gesinn? en Dram gehat? u wat huet et ons erënnert?