Theateropféierung vum Cycle 1 (Mee 2010)
E puer Impressiounen vum gemeinsamen Theater vun denen 5 Spillschoulsklassen aus der Schoul am Sand.
D’Léierinnen hunn d’Opféierung gemeinsam geplangt ab Januar.
D’Kanner hunn an de Klassen e puer Wochen virun der Vierstellung geübt.
D’Klassen hun zesummen eng Woch virun der grousser Representatioun op der Bühn geübt.
D’Opféierung „DEN TOUR DE LUXEMBOURG“ huet eis all vill Fred gemaach a war e grousse Succès.