CYCLE 2.2 (MARIETTE LUDWIG) 2018-2019
*** Mir mole Biller zum Thema Afrika. Déi ginn um Schoulfest verkaaft an den Erléis ass fir d'Kenia-Frënn. *** Mir sinn zu Bitburg an der Kolonie. *** Mir hunn e Liesnomëtteg zum Thema Piraten. Mir hunn och Schatzkaarte gebastelt. *** Mir ginn op Lellgen an de Parc Sënnesraïch a kënne spannend Experimenter maachen ,déi eis 5 Sënner uspriechen. *** Mir ginn op Manternach "a Wiewesch" a maachen do Viz a baken Äppelkuch.