Interview mam Pit Steinmetz
Auslandsjoer an/zu USA Glendale Arizona
Numm / Virnumm: Steinmetz Pit
Sportaart: Liichtathletik
Lescht Klass am Sportlycée : 4M1
A wéi enger Schoul bass du elo: Mountain Ridge High School
Wou: Glendale, AZ
Wisou hues du dech fir dat Land entscheet?
Nodeems ech 2016 do an der Vakanz war a mech beim Mathis Moes informéiert hunn, deen och en exchange Joer an den USA gemaach huet.
Wou wunns du?
Ech hunn am Oktober Famill gewiesselt a wunnen elo bei
bei menger 2. Hostfamill, zu Glendale bei Phoenix am Arizona mat menger Hostmamm, Hostpapp, Hostbrudder a Schwëster, déi 2 eelst Schwëstere sinn op der Uni.
Hues du dech gutt agelieft? Bass du gutt opgeholl ginn?
Ech hunn mech gutt agelieft a si ganz gutt opgeholl ginn, well Amerikaner ganz offe sinn a sech freeë fir nei Leit kennenzeléieren. Och an der Schoul sinn d'Proffe ganz interesséiert, well se nach kee Lëtzebuerger Austauschschüler haten.
Wéi ass de Liewensstil / d‘Mentalitéit am Verglach zu Lëtzebuerg?
Vu dass ech am Arizona, am Valley of the Sun wunnen, sinn d'Leit ëmmer gutt gelaunt. Dat ganzt Joer schéint Sonn an d'Leit si bal ëmmer am T-Shirt an am Short ënnerwee. Bei de Sportsevenementer mierkt een dass si vill méi patriotesch sinn, wann se National Hymne sangen an och ewéi si hir Sportsequippen uféieren. Dat ass schonn immens an och wa mir als Team all zesumme mam giele Schoulbus op Meetinge fueren.
Wéi gëss du mam Liewensstil / mat der Mentalitéit eens?
Natierlech ass et flott, ëmmer gutt Wieder ze hunn, mee am August a September wou et dann iwwert 40 Grad waren, do war dat mir ze waarm , a well alles klimatiséiert ass, erkaalt een sech direkt. Et ass komesch dass een eréischt mat 21 Joer volljäreg ass an awer mat 16 de Führerschäi maache kann.
Wat vermëss de aus Lëtzebuerg?
Guer näischt.
Mat wéi engen Zieler / Erwaardunge bass du dohinner gaangen?
Ech wollt mäin Englesch verbesseren, de Schoulsystem , nei Leit an eng aner Kultur kenneléieren an och mat der Schoulequipp trainéieren an op Meetinge goen.
Sinn deng Zieler / Erwaardunge bis elo erfëllt ginn?
Op alle Fall, ech géif soen si sinn iwwertraff ginn, de Schoulsystem gefält mir gutt, och de Schoulspirit ass immens an op de Sportmeetingen hu mir vill Spaass. Ausserdeem sinn ech am Deca Club an am Student Government vun der Schoul aktiv.
Wat ass bis elo deng schéinsten Erfarung?
Meng Rees mat aneren Austauschschüler op Hawaii, mat der Student Government Klass an den Disneyland, Deca State Conference zu Phoenix, Prom an dass ech vill nei Frënn fonnt hunn.
Wat ass net esou gutt gelaf?
Dat war ewéi ech Famill gewiesselt hunn, mee zum Gléck hat ech do e puer gutt Kollegen aus dem Student Government déi mir gehollef hunn an deenen ech dankbar sinn.
Hues du eng witzeg Anekdot, déi‘s du eis wëlls erzielen?
Keng speziell, mee ech fannen et witzeg wann Leit mengen dass Lëtzebuerg eng Stad an Däitschland ass.
Wéi gesäit däin Dagesoflaf aus?
Mäin Dag fänkt um 6:30 un , da fueren ech mat menger Hostmom a mengem Brudder an d'Schoul déi um 7:30 ufänkt. Hunn 6 Klassen am Dag, an all Dag ass de selwechte Stonneplang. Um 14.12 ass Schoul eriwwer an duerno fänkt um 14:40 Liichtathletik Practice un. Nom Training fueren ech zesumme mat de Kollegen heem oder mir ënnerhuelen nach eppes zesummen. An owes maachen ech da meng Hausaufgaben.
Kanns du dir virstellen, méi laang do ze bleiwen?
Ech géif scho gären, mee elo muss ech am Juni no 10 Méint erëm heem an duerno kucken ech op et méiglech ass do ze studéieren.
Wat géings du de Schüler soen, déi eventuell och en Auslandsjoer wëlle maachen, sech awer nach net sécher sinn?
Et soll een et op alle Fall maachen, a wa méiglech e ganzt Schouljoer, well da kann een un allen Aktivitéiten an der Famill an och an der Schoul deelhuelen, Homecoming, Spirit week, Thanksgiving, Christmas, New Year, Spring break, Prom.