De Sonnden am Kader vum Walfer Vollekslaf hunn 7 Meedercher an 2 Jongen aus dem Sportlycée um Challenge Marc Savic deelgeholl.
Bei sabbelegem a fiichtkaalem Wieder war d’Stëmmung awer gutt a jiddereen huet säi Bescht ginn. D’Meedercher hunn de Schoulchampionnat gewonnen. Well just zwee Jongen um Start waren a véier Beschtplacéiert fir de Gewënn néideg waren, konnten si d’Gewënnerekipp net stellen.
Merci fir den Asaz an d’Matmaachen!
Gesamtranking Girls:
Iris Foux 7e
Liz Mores 8e Gewënner Challenge Marc Savic
Olivia Kohn 9e Gewënner Challenge Marc Savic
Nora Simon 10e Gewënner Challenge Marc Savic
Elise Bock 16e Gewënner Challenge Marc Savic
Matilda Etringer 33e
Flo Winckel 38e
Gesamtranking Boys :
Frédéric Kesseler 4e
Guillaume Bock 20e