E Méindeg, de 7. Juli 2025, hunn d’Schülerinne a Schüler vun der 5eG dem Sportlycée no 3 Joer op eng sportlech Aart a Weis Äddi gesot. Nodeem si fir d’Géigenekipp vill Proffen a Membere vum Personal, déi selwer Leeschtungssport gemaacht hunn, rekrutéiert haten, haten si ëmsou méi e schwéiere Stand am Basket, Fussball, Volley- a Vëlkerball. Béid Säiten hu vollen Asaz gewisen an d’Resultater ware jeeweils knapp – am Volleyball konnt d‘5eG sech mat 2:1 an de Sätz duerchsetzen. Domat konnte si sech zefridden op hiert Ofschloss-Grille freeën.
Mir wënschen eise Sportschülerinnen a Sportschüler weiderhi vill Succès op hirem sportlechen a schoulesche Wee, sou wéi e gudde Start an hire neie Lycéeën.