De 5. Juni hunn d’Nora Simon, d’Olivia Kohn an den Noah da Luz mat vill Engagement a sportlechem Asaz um Cross-Triathlon Championnat am Lycée zu Réiden deelgeholl.
No 100 Meter Schwammen, 3,8 km Mountainbike an 800 Meter Laf konnten si sech mat staarker Leeschtung géint déi aner Participanten duerchsetzen:
🥇 1. Platz fir Noah da Luz bei de Minimes affiliés
🥇 1. Platz fir Nora Simon bei de Minimes affiliées
🥈 2. Platz fir Olivia Kohn bei de Minimes affiliées
Mir gratuléieren eise SchülerInnen häerzlech zu dësem erfollegräiche Championnat a si stolz op hiren Asaz a Leeschtung!