De Weekend gouf zu Adelboden op der Weltcup Piste d’Lëtzebuerger Schi-Championnat vun der FLS (Fédération Luxembourgeoise de ski) a vun der LASEL am Riseslalom an am Slalom spécial gefuer.
Mat dobäi waren zwee vun eise Schüler: d’Hedda Bjunes Johansson (FLS) an den Nils Drouès (LASEL). Déi zwee hunn eng super Performance un den Dag geluecht.
Den Nils ass Samsdes am Riseslalom zwou sensationelle Manchen gefuer. Hien ass a senger Kategorie (Minimes) den éischte ginn. Nach vill méi impressionnant ass awer dass hien sech am Gesamtklassement vun den Hären (FLS + LASEL) als 4. behaapte konnt.
Sonndes am Slalom spécial ass e leider an der éischter Manche wéinst enger Sortie de route disqualifizéiert ginn.
D'Hedda ass am Numm vun der Federatioun gefuer an huet eng super Leeschtung iwwert de Weekend gewisen. Och hat konnt sech am Riseslalom a senger Kategorie (Minimes) als éischt behaapten. Am Gesamtklassement vun den Dammen (FLS + LASEL) konnt hat sech als 10. placéieren.
Sonndes am Slalom spécial huet hat nach eng drop geluecht a konnt sech nees eng Kéier a senger Kategorie als éischt behaapten. Am gesamt Klassement huet hat sech eng sensationell 4. Platz gesechert.
Mir felicitéieren eisen zwee Schüler fir déi super Performance!