Um LASEL Beachvolleyball Tournoi fir Senior(e)s war de Sportlycée mat enger Dammenequipe vertrueden. Obwuel d’Noa an d’Anne-Marie nach Cadettes sinn, konnten si mat deene „Groussen“ mathalen, gewannen hir Grupp a ginn sech réischt an der Finall no engem spannende Match géint den LMRL knapps 13:15 geschloen. Bravo fir dës Leeschtung!