De Sportlycee war den 1. Oktober  zou fofzéng um Marc Savic Laf , deen am Kader vum Walfer Vollekslaf stattfënnt, vertrueden. Bei schéinem Wieder sinn och Toppresultater erauskomm.
 
Bei de Meedercher huet  d‘Linda Krombach d‘Course bei den U18 gewonnen an der Zäit vun 19:25‘‘. D‘Elena Lopes huet an 20:01‘‘ bei den U16 gewonnen. D’Noa Steiner ass gutt 3. bei den U16 ginn.  Op weidere Plaze waren:
4.   U16 Eva Krombach
4.   U18 Sarah Mousel
9.   U16 June Weis
8.   U14 Manon Schiltz
14. U16 June Nothum
25. U16 Stella Heyart
 
Bei de Jongen ass de Poli Stoffel éischte gi bei den U18 an der Zäit vu 17.42‘‘. Den Tom Heyart gouf Zweeten an der Kategorie an der Zäit vu 17:50‘‘. Plaz 1 bei den U16 ass un de Sébastien Ziekman Benitez gaange virum Charel Schiltz. Duerno hate mir nach:
3. U16  Tim Goergen
4. U16  Frédéric Kesseler
2. U14  Steiner Jan
3. U14  Steiner Tim
 
Merci un all d‘Leeferinnen an d’Leefer!