Eis Karateka vum Sportlycée waren haut am Kader vun der LASEL um Kata Championnat am Asaz. Ënnert 30 Participante konnte mir a de verschiddene Kategorien divers Championstitele feieren: d'Mia Reding wennt bei de Juniorinnen, d'Sarah Rodrigo konnt sech bei de Kadetten duerchsetzen an den Erik Olafsson gëtt Champion bei de Junioren. Gratulatioun un all d'Karatekae fir hier gutt Leeschtung!