Fir hir Rees op den ISF Cross-Country an der Slowakei ze finanzéieren, haten d’Leeferinnen a Leefer aus dem Sportlycée 1680 € mam Verkaf vu Kuch a Gedrénks gesammelt. Wéinst dem Krich an dem Nopeschland Ukrain hunn si awer op eng Bedeelegung verzicht.
Domat déi Suen engem gudden Zweck déngen, hunn d’Schüler zesumme mat hire Verantwortlechen decidéiert, de ganze Montant de Kanner an der Ukrain zeguttkommen ze loossen. Passend um 10. Oktober, wou Lëtzebuerg un déi eege bluddeg Besatzung am Zweete Weltkrich erënnert, hunn d’Sportschüler der Unicef, déi de Kanner an der Ukrain hëlleft, de Scheck vun 1680 € iwwerreecht.
Bravo fir dee schéinen Akt vu Solidaritéit a Hëllefsbereetschaft!