Haut am Nomëtten sinn eis Handballer bei sonnegem Summerwieder um Beachhandball-Turnéier vun der LASEL an der Kategorie Minimes mixte um Beachterrain zu Lamadelaine ugetrueden.
No ganz haarden an ëmkämpfte Matcher hunn eis Schüler déi éischt dräi Plaze kënne beleeën an hunn sou de Podium ënnert sech ausgemaach. Eng super Leeschtung a Felicitatiounen!!