Une revue de presse mensuelle vous tient au courant des sommaires, dossiers et titres de couverture des périodiques abonnés.
jeudi 13 juillet 2023
Bei beschtem Wieder war um leschte Schouldag onst traditionellt Schoulfest, dat ewéi all Joer vun engagéierte Schülerinnen a Schüler vun 2e organiséiert gouf. Dëst Joer stoungen, nieft dem obligatoresche Sport, eng sëllege flott Atelieren um Programm. D'Klasse konnte sech am Fussball, Volleyball an Dodgeball beweisen a spannend Quizzen, Parcoursen a Geschécklechkeetsspiller duerchlafen. An ee flotten Danzchallenge huet natierlech och net feelen dierfen. Um Enn vum Fest hat d'7C2 déi meeschte Punkten an ass mat Kinosticketen an d' grouss Vakanz gestart.