Une revue de presse mensuelle vous tient au courant des sommaires, dossiers et titres de couverture des périodiques abonnés.
jeudi 13 juillet 2023
De Sportlycée war am Juni beim LASEL Team-Challenge am Bouldere vertrueden. Bei herrlechem Wieder hunn eis FLERA Athletin Daphné DUBOIS an de Yari HELMINGER (FLA) versicht am Mamer Brill souvill Boulder-Weeër wéi méiglech ze packen. Pro Route gouf et 1 Punkt. Mir waren deenen aneren 10 Equippen ënnerleeën, well all Lycée mat 4 Schüler gläichzäiteg klamme konnt. Trotzdeem geléngt et eis op déi 6. Plaz ze komme wéinst dem Engagement vun eisen 2 Sportschüler. D’Daphné huet einfach decidéiert all 55 Weeër ze packen a verschiddener duebel ze maachen. Bravo un déi 2 fir d’Motivatioun an den Éiergäiz!