Une revue de presse mensuelle vous tient au courant des sommaires, dossiers et titres de couverture des périodiques abonnés.
lundi 19 septembre 2022
Als eenzeg Lëtzebuerger Turnerin huet d’Sophie de Grand-Duché op der WM zu Sofia (14.-18. September) vertrueden ; begleed gouf FLGym-Athletin aus dem COSL-Promotiounskader vun hirer Trainerin Larisa Abrosimova an der Wettkampfriichterin Oksana Vichinakova.
Déi 16-järeg Sportlycéeschülerin hat sech am Juni op der EM duerch hir gutt Leeschtung fir hir éischt Weltmeeschterschaft qualifizéiert a war eng vun de jéngsten Turnerinnen bei den Seniorinnen zu Sofia. Mat de Keelen konnt d’Sophie seng bescht Plazéierung als 55. vun 79 Konkurrentinnen erreechen. An der WM-Gesamtwäertung huet hat op der gudder 60. Plaz ofgeschloss. Mir gratuléieren dem Sophie fir seng staark Leeschtung an wënschen him weider bonne Chance a senger Dual Career.
(Foto: Tageblatt 14. September 2022 Säit 30)