Vum 23. bis 27. Oktober war dëst Joer d'Junior Weltmeeschterschaft am Judo zu Abu Dhabi. Zesumme mat eisem Trainer waren de Bilge Bayanaa an ech déi eenzeg déi d'Chance kruten dohinner ze fueren, an un sou engem groussen Event deelzehuelen. Vir mech war et déi éischt Participatioun op sou héijem Niveau an ech war dunn och deem entspriechend nervös. Wéinst der Opreegung an engem schwéiere Lous géint Nummer 21 vun der Welt, ass et dunn op der Competitioun leider net sou gutt gelaf. Trotzdem konnt ech e puer wäertvoll Erfahrunge mat dovun droen, an als jéngste Joergang vu menger Altersklass wäert et hoffentlech net déi lescht WM vir mech gewiescht sinn.