Den 28. September hat de Sportlycée d’Eltere vun de Schüler, déi op 7e sinn, invitéiert fir hinnen en éischte Kontakt mat de Proffen ze erméiglechen. Dobäi ass och dovunner profitéiert ginn, den Elteren d’Konzept vun der Duebeler Karriär ze presentéieren. An enger Presentatioun vun ongeféier enger Stonn sinn d’Ziler vum Projet d’établissement Dual Career virgestallt ginn. D’Haaptzil ass, dem Schüler déi néideg Kompetenze fir eng Reussite um schoulesche souwéi um sportleche Plang ze erméiglechen. Fir dëst Zil ze erreeche goufe fënnef Tëschenziler definéiert.
D’Eltere konnten duerno eng Rei vu Froe stelle an d’Equipe vum Projet d’Etablissement stoungen do Ried an Äntwert .