De Sportlycée huet säi Projet d'établissement (Pé) op d'Thema vun der "Dual Career" opgebaut an esou ass et wichteg d'Konzept de Schüler-Athleten a sengem Entourage méi no ze bréngen an ze erklären.
Am Ufank vum Schouljoer sinn d'Eltere vun de 7e Schüler invitéiert gi fir d'Thema vun der Dual Career ze verdéiwen. D'Ziel vum Virtrag war datt d'Elteren sech bewosst sinn, dass elo vill nei Changementer op hier Kanner duerkommen. Doduerch datt den Trainingspensum erop geet an dat Ganzt och nach mat der Schoul muss verbonne ginn, sollen déi jonk d'Zäit ëmsou méi sënnvoll plangen a notzen. Doduerch gëtt d'Ënnerstëtzung vun den Elteren nach emol méi wichteg.
Am Laf vum 1. Semester si Workshops iwwer Dual Career mat de Schüler vu 7e ofgehale ginn. Mat flotten Übungen as et de Schüler méi no bruecht ginn, wat et bedeit Nowuesssportler, deen den Héichleeschtungssport viséiert, a gläichzäiteg Schüler ze sinn. Villes kënnt do zesummen an et soll een dorobber virbereet sinn. Kloer Ziler sollen definéiert ginn, Mesuren a Servicer déi engem hëllefen, soll een als Sportschüler kennen a richteg notze kennen. Een Ziel vum Pé ass et, dass de Nowuesssportler säi Rôle besser kenneléiert.
An engem éischte Workshop geet et drëms en Réckbléck op d'6. Schouljoer ze maachen an ze analyséiere wat dann elo op 7e ännert. D'Schüler schreiwen op wat sech elo am Privaten, an der Schoul an am Sport geännert huet. Sie kréien Informatiounen zu all deenen Hëllefsmoossnamen déi et am Sportlycée gi mat op de Wee, fir dass si déi herno sënnvoll notze kenen.
Am zweete Workshop kucke si net méi no hannen, mee no vir a stinn elo virun engem Bierg (bildlech geschwat). Elo gëllt et sech Ziler ze setzen. Wat well ech erreechen a wéi eng Etappe muss ech packe fir dohinner ze kommen (Zwëschenzieler). D'Schüler stellen sech d'Fro wat si alles maache musse fir hier fixéiert Ziler ze erreechen. Flott war et ze gesi wat alles un Äntwerte vun de Schüler koum.
Am Endeffekt hunn d'Schüler d'Grondprinzippie vun der Dual Career kennegeléiert an och schonns a prakteschen Aufgaben ëmgesat, andeems sie hier eegen Zieler definéiert an analyséiert hunn.
Des Workshops sinn e ganz wichtege Meilesteen an der Ëmsetzung vum Projet d'établissement am Sportlycée.