De 5. Oktober huet den éischte Kontakt tëscht den Tuteuren an de Schüler, déi vun hinne betreit gi, stattfonnt. Déi reservéiert Stonn am Stonneplang huet den Tuteuren erlaabt, sech nees mat de Schüler ze treffen an esou och déi nei Schüler kennen ze léieren.
Den Tuteur huet de Schüler den Tutorat u sech an déi verschidden Etappen am Tutorat virgestallt. Dëst waren an der Reunioun mat den Tuteuren esou festgeluecht a sollen en reegelméissege Kontakt a Suivie erméiglechen.
Wärend dem Schouljoer sinn e puer Momenter tëscht dem Schüler an dem Tuteur festgehale ginn :
· Visitte vum Training an éischte Kontakt,
· Eenzelgespréicher déi viru Chrëschtdag stattfanne sollen,
· En Questionnaire fir de Bols beim Schüler ze fillen,
· Eenzelgespréicher virun der Fuesvakanz,
· Miglech drëtt Eenzelgespréicher.
An der éischter Stonn ass och d’Applikatioun mat senge Funktioune fir den Time Management virgestallt an erkläert ginn. D’Schüler a jiddereen, deen autoriséierten Accès op d’Applikatioun huet, kann dëst via toolbox.sportlycee.lu an säin IAM erreechen.
Dës Applikatioun erlaabt dem Schüler op engem Bléck seng komplett Wochencharge ze plangen. Vum Webuntis aus kritt hien automatesch säi Stonneplang an seng Aufgaben ugewisen. Hie kann elo zousätzlech all seng Trainingen, Kompetitiounen an och Zäit, déi hien am Transport brauch, androen. Privat Aktivitéite kann hien och aginn.
Dësen Iwwerbléck iwwer alles wat an enger Woch virgesinn ass, erlaabt et den Tuteuren, de Schüler an hirer duebeler Karriär ze ënnerstëtzen. Den Tuteur kann elo besser d’Charge vum Schüler analyséieren an esou déi néideg Diskussioune féiere fir eventuell d’Aktivitéite besser ze organiséieren. Domat dréit hien ënner anerem och dozou bei, de Stress vum Schüler ofzebauen.